ACT 1.4

Fueskolonie

Fuesent steet virun der Dier! Du verkleets dech gär, mëss gär Party an léiers gär nei Leit kennen ? Dann bass du bei eis genau richteg! Niewt flotten Aktivitéiten bannen an baussen, erwaart dech all Owend och eng spannend Geschicht a fill Spaass op der Schlittschongpist. Also pack deng Lieblingsverkleedung an an treff eis zu Beefort. Mir freeën eis op dech!

Les jeunes musiciens débutants

S’adresse à des jeunes musiciens débutants (M/F) jouant un instrument à vent (flûte traversière, clarinette, saxophone, trompette/bugle, cornet, cor en fa, euphonium, trombone, baryton, tuba), percussion, batterie et cordes (violon, alto, violoncelle), pendant au moins une année: ateliers instrumentaux, danse, chant choral et ateliers créatifs.

De roude Fuedem (weekend de base)

Den Indiana Jones, dee mam Shrek zesummen d’Dornrösche hannert de 7 Bierger aus de Fäng vum Lord Voldemort rett, well deen der Micky Maus de Schatz vum Käptn Jack Sparrow sengem Schëff geklaut huet, brauch dem Batman an dem James Bond seng Hëllef…. Op dat alles sou klappt? Wou ass de roude Fuedem? Oder hu dir de Fuedem scho verluer? Ma genee dee siche mir! Op dësem Weekend gesi mir net nëmmen, wéi een eng flott Geschicht zesumme setzt mee och, wou, wéi eng Geschicht passt a wéi een déi kann abauen.

Weekend de danses et musiques traditionnelles

Weekend de danses et musiques traditionnelles d’Afrique et d’Amérique du sud s’adressant à des enfants et jeunes à partir de 7 ans qui aiment danser et découvrir des danses et musiques traditionnelles de différents pays.

Des groupes par âge peuvent être formés. Le weekend débute le samedi, à 9h30 et finit le dimanche vers 17h30 et précédé par une courte prestation publique à 16h00.

Wéi organiséiren ech eng Kolonie? (weekend de spécialisation)

Eng Aktivitéit als Responsabel (Camp/Kolonie/Weekend) beim SNJ/GA organiséieren; wat kënnt do op mech duer? Dëse Stage gëtt dir en Abléck an de Pabeierkrich, déi engagéiert Responsabilitéiten, d’Zesummesetzen an d’Leede vum Staff an d’Entwécklung vu Konzepter a Strukturen fir deng Aktivitéit ze plangen an duerchzeféieren. Mir werfen och e Bléck op dat ganzt Material wat sou op enger Aktivitéit zesummekënnt. Den zweeten Dag, den net obligatoresch ass, riicht sech un déi zukünfteg Responsabel, déi gär Kanner mat ënnerschiddlechen Behënnerungen mat op hir Kolonie huelen. Hei kriss Du erklärt, wat alles am Virfeld z'organiséiren ass an op wat's du während der Kolonie muss opppassen, fir dass d'Inklusioun geléngt.

 

Fir un dësem Stage deelzehuelen, solls du schonn de brevet d'animateur C hunn (2e cycle ofgeschloss) a schonn op eng Erfahrung vun e puer Kolonien als Animateur kënnen zréck ze kucken.

Märechersweekend

Hexen, Prënzen, Raiber an Helden aus der ganzer Märecherswelt kommen 2019 erëm zu Huelmes zesummen a bereede sech op hiert nächst Abenteuer vir. Zesumme maachen se sech op eng spannend Rees voller Rätselen an Aufgaben déi et ze iwwerwanne gëllt. Wann‘s och du mat op dëst Abenteuer komme wëlls, da mell dech an deng Kollege séier un a komm bei eis an d’Märercherswelt.

Formatiounswoch 1er Cycle (semaine de formation B)

Wéi betreien an animéieren ech e Grupp Kanner ? Wéi preparéieren a realiséieren ech e grousst Spill oder een Atelier? Wéi schaffen an ameséieren ech mech mat menge Co-Moniteuren? Wann s du dir all dës Froe stells, a Loscht hues mat anere motivéierte Jonken op eng praxisorientéiert Art a Weis ze léieren wéi ee Kanner eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!

Ouschterkolonie 1

D’Ouschtervakanz eemol anescht? 7 Deeg laang Spill an Action mat villen neie Frënn a Kollegen! Mat villfältegen Aktivitéite wäerts du villes erliewen op der Ouschterkolonie! Spaass an der Schwemm, dobaussen oder Rätsele léisen am Schlass vun Huelmes gehéieren zum Alldag. Also zéck net a mell dech elo schnell hei un!

Freedom / Fräiheet

An dësem Workshop dréint sech alles ronderëm d‘Thema Fräiheet. Sief et am Sangen, Danzen, Theater, Bastelen oder Improviséieren, sinn der Fantasie a Kreativitéit keng Grenze gesat. Déi Jonk vun 8-16 Joer erwaarde spannend Deeg mat enger flotter a vielfälteger Programmatioun mat engem Ofschlossconcert, deen si hire Verwandten a Frënn präsentéiere wäerten.

Ouschterkolonie 2

Wolls du schonn ëmmer eemol op eng riseg Ouschtereeërsich? Deng Ouschtervakanz eng Kéier esou ganz anescht verbréngen? Da bass du bei eis zu Huelmes am Schlass genau richteg! Hei erwaarden dech 6 Deeg voller verschiddener Aktivitéiten, Atelieren a Spiller! Wann‘s du also Loscht hues op eng Woch Abenteuer, Spaass an Iwwerraschungen, da mell dech u fir d’Ouschter II a verbréng mat eis eng onvergiesslech Zäit!

Formation transfrontalière dans la Grande Région

Dans le cadre de la coopération transfrontalière, les partenaires de la Grande Région (Luxembourg, Wallonie, Lorraine, Sarre, Rhénanie-Palatinat) organisent ensemble une formation pour animateurs qui peut être validée comme semaine de formation 2e cycle. La formation a comme but de compléter les compétences interculturelles dans l’animation d’activités et d’échanges dans la Grande Région.

Visite an de Zwin

Mir besichen d’belsch Côte a kucken eis d’Vulle mol genau un. Am Naturpark Zwin entdecke mir eng flott Ausstellung, maachen en Hütteparcours a kucken eis natierlech d’Naturreservat mat all sengen Waasservulle méi genau un.

Prix à déterminer

 

Musekswoch Ouschtren

Stage s’adressant à des jeunes musiciens débutants (M/F) jouant un instrument à vent (flûte traversière, clarinette, saxophone, trompette/bugle, cor, trombone, alto, baryton, tuba, percussion) depuis au moins deux années, ateliers instrumentaux et ateliers créatifs.

Cinopolis

Wëlls du och wéi den Jack Sparrow, d’Lara Croft oder den Harry Potter an all Kino bestaunt ginn? De Cinopolis mécht aus dir deen nächsten Hollywood-Star! Erlief selwer mat wat et heescht op der Bühn ze stoen an ee Schauspiller ze sinn. Ergräif deng eemoleg Chance op ee gëllenen Oscar a sief dobäi wann de Cinopolis seng Dieren opmécht. „The show must go on“.

Pages