Events

Bauen an Kniwwelen 2 fir de Stand op der Vakanzefoire

Et ass och méiglech, sech just fir 1 Dag anzeschreiwen

Hei maachen mir d'Preparatioun fir den Stand vun Young Caritas op der Vakanzefoire am Januar.

Mir preparéieren a baue grouss Saachen a Spiller. Och grouss Panneau'en gi gemoolt.

Viraussetzung fir kenne matzemaachen ass dass Du handwierklecht Geschéck hues.
(Sécheren Ëmgang mat Buermaschinn, See'en, Materialkunde ...)

Wenns Du dir net sécher bass, op dat eppes fir dech ass, da schreif mir nathalie@youngcaritas.

____________________________________________________
Oflaf:

Ufangs November hunn mir eng Versammlung mat de Responsabel vun der Foire.
Dann gëtt decidéiert wat Young Caritas . Also och wat mir bauen.
Als nächst siche déi Verantwortlech vum Spillmobil déi Bénévoler eraus deenen hier Fäegkeet fir dëst ze baue gebraucht ginn.
Unzuel vun de Bénévol ass begrenzt, well den Atelier net grouss ass.
Bis spéitstens Enn November ginn also Confirmatiounen bzw. Ofsoen eraus.

_____________________________________________________
Falls Du lo net konns matmaachen an awer interesséiert bass, mell dech bei mir,  ginn et och méi liicht Preparatioune wous Du kanns hëllefen.

Wéi organiséieren ech eng Kolonie?

Eng Aktivitéit als Responsabel (Camp/Kolonie/Weekend) beim SNJ/GA organiséieren; wat kënnt do op mech duer? Dëse Stage gëtt dir en Abléck an de Pabeierkrich, déi engagéiert Responsabilitéiten, d’Zesummesetzen an d’Leede vum Staff an d’Entwécklung vu Konzepter a Strukturen, fir deng Aktivitéit ze plangen an duerchzeféieren. Mir wäerfen och e Bléck op dat ganzt Material, wat sou op enger Aktivitéit zesummekënnt.

Fir un dësem Stage deelzehuelen, solls du schonn en Animateur C Brevet hunn a schonn op eng Erfarung vun e puer Campen a Kolonien als Animateur kënnen zréck kucken.

 

 

Sylvester

Déi lescht Deeg vun desem Joer si gezielt an du hues Loscht
mat Gläichaltrigen ob eng spannend Rees ze goen? Vill
opreegend Momenter, kniwweleg Aufgaben an mysteriéis
Geheimnisser erwaarden dech um Wee an dat neit Joer.
Sief dobäi an loss dech verféieren…
D’Equipe hofft ob deng Ënnerstëtzung op der grousser
Rees. Mell dech séier un!


As-tu envie de passer les derniers jours de l’année avec
tes copains dans un voyage passionnant ? Des moments
inoubliables, des énigmes à résoudre et de secrets mystérieux
t’attendent pour le nouvel an. Réserve ta place maintenant!

Wanterkolonie

D’Elfen hu fir Chrëschtdag ganz gutt a vill geschafft. Alleguerten d’Kanner op der Welt kruten hir Cadeau’en a jidderee grinst vu Freed. Éier si lo awer an de Summerschlof ginn, rufe si sech nach eng Kéier op. D’Melou ass do an de Jennes, deen ass zwar schonn ageschlof, mee ass och do. No an no ginn all d’Nimm opgeruff, bis op eemol: “Fränz? Wou ass de Fränz?” Wanns du rausfanne wëlls, wat mam Fränz geschitt ass, cool Spiller, Freedefeier a villes méi erliewe wëlls, da mell dech an den Kollege séier op der Wanterkolonie un!

Silvesterparty zu La Panne

Silvesterparty op der Belger Plage An der kaler Joereszäit gëtt et vill ze feieren. Enner anerem Silvester! An dëser Vakanz hues du d‘Geleeënheet mat dengen Kollegen Silvester an onsem flotten Vakanzenhaus zu La Panne ze feieren. Während enger ganzer Woch wäerten deng d’ Moniteuren an d’ Monitricen en Programm zesummestellen, deen als Héichpunkt natierlech déi grouss Party den 31 Dezember soll hunn. Flott Aktivitéiten, spannend Spiller, grujeleg Geschichten an eng flott Ambiance wäerten dech duerch dës Woch begleeden. An wann alles esou leeft ewéi geplangt, kennen, mir och nach vill Spaass beim Schnéimännchen bauen oder enger kaler Schnéiballschluecht hunn. Net feelen däerf natierlech och net um Silvesterowend deen groussen Buffet an déi grouss Party fir d‘Joer ofzeschléissen! Vill Spaass!!! ;-) St. Sylvestre à la Mer du nord Pendant la saison hivernale, il y a beaucoup de fêtes. Entre autre, la St. Sylvestre! Pendant ce séjour de vacances tu auras la possibilité de pouvoir fêter la St. Sylvestre avec tes copains dans notre belle maison de vacances à La Panne. Pendant une semaine, tes monitrices et moniteurs vont te proposer un programme varié, qui aura comme sommet la grande fête de St.Sylvestre le 31 décembre. Des activités intéressantes, des jeux captivants et des histoires effrayantes et une ambiance agréable vont t’accompagner durant toute la semaine. Et si tout se passe comme prévu, nous allons beaucoup nous amuser en faisant des bonhommes de neige ou bien pendant une bataille de boules de neige. Vous ne voudrez pas a manquer le grand buffet que nous aurons préparé pour fêter la nouvelle année! Bonne fête!! ;-) : 

Young Caritas Radio Show

Bass du Benevol bei Young Caritas? Engagéiers du dech an denger Fräizäit? Hues du Loscht Themen unzeschwätze wou dir wichteg sinn an eng Plattform ze kréie vir iwwert däin Engagement ze schwätzen? Wollts du schonn ëmmer béi de Radio? Mir siche motivéiert Jonker wou wëllen 2020 eis 4 Young Caritas Sendungen beim Radio Graffiti, d'Jugendsendungen um Radio ARA, plangen, gestalten an senden. Vir iech dorop vir ze bereede kritt dir en klenge Workshop a Punkto Radio.

Wëlls de matmaachen, da mell dech beim Nick um  charge@youngcaritas.lu

Meng Fuesparty am Neihaisgen

Fuesparty, Abenteuer an villes méi um Neihaisgen Des Vakanz ass ganz speziell geduecht fir ons jonk Matbierger vun 4 bis 7 Joer an passt sech hiren Wënsch un. Während dëser Vakanz, kréien d’ Kanner d’ Méiglechkeet an d’ Mëttelalter anzetauchen, Geschichten selwer z' erliewen an fir een Dag Prinzessin oder Ritter ze sinn. Den Site vum Neihaischen ass och ganz flott, hannert dem Haus ass eng grouss Wiss an en groussen Bësch mat engem Kelten Duerf, wou een flott Spiller maachen kann. Een Iessen am Kelten Haus ass och geplangt. Niewent Spiller an Geschichten Owender virum Kamäin an ganz vill gudden Iessen, wäerten mir nach vill Bastelen an Baken. Alles passend zum Thema Mëttelalter. Als Ofschloss däerf natierlech eng grouss Fuesparty net feelen! Wann dech dat heiten usprécht, dann mell dech un fir d’ Kolonie Neihaischen Fuesend. Carnaval, aventures et beaucoup plus t’attend pendant ce Séjour Ce séjour de vacances est adapté aux besoins des plus jeunes : les enfants de 4 à 7 ans. Pendant ce Séjour de vacances, les enfants auront la possibilité de découvrir le monde des contes, de vivre eux-mêmes les histoires et d’être princesse ou prince d’un jour. Le site du « Neihaischen » est très agréable. Une grande prairie et une grande forêt se trouvent derrière la maison. Ce lieu s'avère idéal pour organiser toute sorte de jeux. Dans la forêt, il y a un village celte dans lequel nous irons dîner au “Keltenhaus” pour vivre ensemble les histoires des vieux celtes. En plus des soirées, nous aurons aussi l’occasion de bricoler et de confectionner des pâtisseries. Tout est adapté au thème des contes. La touche finale, la “Fuesparty” ne devra pas manquer ! Si ceci vous intéresse, inscrivez-vous pour la colonie Neihaischen Carnaval. : 

Schivakanz Ouschteren Am Salzburgerland zu Wagrain

Néi Destinatioun Ouschteren Schifueren zu Wagrain an Eistraich Fir Kanner vun 9 – 13 Joer , vum 03.04 – 10.04.2021 Fir d’Ouschtervakanz fueren mir op eng nei Destinatioun. Am schéinen Salzburgerland zu Wagrain am flotten Jugendhotel Aicher wäerten mir zesummen mat dir eng flott Vakanz verbréngen, mat vill Schnei, Schi fueren an natierlech net ze vergiessen Ouschteren zesummen feieren. An der Snowspace Salzburg kanns du op méi ewéi 120km Pisten deng Schi Kenntnisser verbesseren. Och als Ufänger bass du hei beschtens opgehuewen an enger vun den Schi Schoulen deng éischt Schrëtt op den Schier an den Bierg erof ze erfueren!  Mell dech un, an komm mat ons Schi fueren! Passer Pâques à Wagrain dans le pays de Salzburg (Autriche) Du 03.04 – 10.04.2021 Pour des jeunes de 9 – 13 ans En route vers une nouvelle destination pour les vacances de Pâques! Nous allons passer ensemble des super vacances dans la région de Salzbourg à l’hôtel Jugendhotel Aicher, réputé pour son ambiance festive : beaucoup de neige, du ski, et naturellement fêter ensemble Pâques. Au Snowspace Salzburg, tu pourras améliorer ta pratique du ski sur les 120 km de pistes de la station de ski. Pour les pros et les débutants, dans les écoles de ski locales, tu seras parfaitement encadré. En compagnie de nos moniteurs et monitrices toute la journée, tu auras accès à un programme fourni pendant ton temps libre. Inscris-toi si tu aimerais plonger dans la belle région dédié au ski de Wagrain avec nous, nous avons hâte de te voir! : 

Ouschtervakanz um Neihaisgen

Den Ouschterhues um Neihaisgen Eng nei Kolonie fir eis klengsten Kanner vun 4 bis 7 Joer. Et handelt sech em eng Vakanz voll gepackt mat Spill an Spaass an alles ronderëm Ouschteren. Des Kolonie dauert vum 04. Abrëll bis den 09. Abrëll 2021 an gëtt um Neihaisgen am gemittlechen Scoutschalet „ Nicolas Rollinger“ ofgehalen! Zum Chalet gehéieren och en groussen Terrain mat Bësch an Wiss an hiert heemlecht Keltenhaus, wou een Owes gemittlech kann iessen. Niewent engem Besuch vum Ouschterhues an der traditioneller Ouschtereeërsich, bidden deng Moniteuren dir nach vill aner flott Aktivitéiten, wie z.B. een Spillnomëtteg am Bësch, flott Geschichtenowender mat all den Kanner, op d’ Spillplaz goen, selwer baken, bastelen an nach villes méi. Hues du Loscht deng Vakanz mat ons ze verbréngen, an vill Spannendes ze erliewen, dann zéck net an mell dech un. Mir freeën eis dech kennen ze leieren. Le Lapin de Pâques au Neihaisgen Ce nouveau séjour s’adresse aux tout petits enfants, âgés de 4 à 7 ans. Il s’agit d’un séjour plein de jeux et d’amusements tout autour la fête de Pâques. Ce séjour durera du 04 au 09 avril 2021 et aura lieu au Neihaisgen dans le confortable chalet de scout „Nicolas Rollinger“. A côté du chalet, il y a un grand terrain et le village celte, dans lequel on pourra manger un soir dans l’ambiance des vieux celtes. Au programme naturellement une visite du lapin de pâques, une chasse aux œufs de pâques et plein de jeux et d’autres activités intéressantes, comme des soirées d’histoires avec tous les enfants, aire de jeux, pâtisserie, bricolage et beaucoup d’autres activités, organisés par tes moniteurs, complèteront le programme de la semaine. Tu as envie de partager une semaine de vacances avec nous, alors n’hésite pas et inscris-toi. Nous serons heureux de t‘accueillir et de faire ta connaissance ! : 

La Panne Rock&Roll

La Panne Rock&Roll !! Des Vakanz riicht sech un jonk Läit mat engem Handicap ab 16 Joer. An engem flotten Kader, onst Vakanzen Haus d’Sandkaul läit 400 Meter vun der Plage ewech, bidden mir hinnen e puer Deeg Vakanz zesummen mat Gläichgesënnten. Hei kann jiddereen sech erhuelen, sech ameséieren, Spaass hunn, an dëst an engem deenen jeeweilegen Besoinen ugepassten Rhythmus. Begleet ginn die jonk Läit vun jonken Bénévole vum Jugendroutkräiz, die hei zesummen mat hinnen e puer flotter Deeg wëllen verbréngen. D‘Aktivitéiten sinn un die jeeweileg Handicap ‘en vun den Participanten ugepasst. Mir maachen flott Spazéiergang duerch d’Dünenwelt, gi Minigolf spillen, Gokart fueren, buddelen um Strand, Schokki drénken op der Digue mat engem gudden Eisekuch, an en Besuch am bekannten Plopsaland ass och geplangt. Mir freeën ons zesummen mat dir op eng flott Vakanz!! La Panne Rock&Roll Ce séjour de vacances s'adresse aux jeunes gens atteints d’un handicapes, à partir de 16 ans. Situé dans un endroit alme, notre maison de vacances se trouve à deux pas de la plage afin de leur offrir des vacances inoubliables. Ici tout le monde peut récupérer, au rythme de ses besoins. Les jeunes sont accompagnés de jeunes bénévoles de la Croix-Rouge de la jeunesse qui, souhaitent passer quelques jours avec eux. Les activités sont adaptées au handicaps respectifs des participants. Au programme nous avons prévu de longues promenades dans les dunes, du mini-golf, se relaxer sur la plage, boire un chocolat chaud sur la digue avec une bonne gaufre et la visite du célèbre parc d’attraction Plopsaland. Nous sommes impatients de passer avec vous des vacances réussies! : 

Pages