Young caritas event feed 1.4

Subscription base URL: 
http://www.youngcaritas.lu/fr/events/agenda/register/id

De Wonnerbësch

An den Deeg em Halloween geschéie wei al Joer erëm

mysteriéis Saachen… Och an den Bëscher ronderëm eis

si komesch Gestalten gesi ginn. Nuets kann een am Duerf

rätselhaft Geräischer héieren… Wëlls du erausfanne wat

et domat op sech huet? Dann waart net laang a sief dobäi

wann op Halloween den Wonnerbësch wakereg gëtt.

Tous les ans à Halloween, des choses mystérieuses se

passent… on aurait même pu voir des personnages bizarres

dans les forêts. La nuit, au village, on entend des bruits étranges.

Tu veux découvrir ce qui se cache derrière tous ces mystères ?

Alors n’attends pas et sois de la partie, quand à Halloween,

la forêt des miracles se réveille….

Ausfluch op Spielmesse

Zu Stuttgart gett et eng MEGA Spiele Messe.

Dat ass ëmmer immens flott fir sech hei ze inspiréieren.
Dofir maachen mir een Ausfluch dohinner.
Geplangt ass Samschdes moies frei dohinner an Sonndes Owes reicht zréck

Fir Detailer zum Oflaaf ze kréien
(Transport dohinner, ggf. Iwwernueschten,
wéieng Käschten vun Young Caritas iwwerholl ginn)
wend dech direkt un mech: Nathalie@youngcaritas.lu

Hei ass och d' Ofiziell Ausschreiweung vun hinnen https://www.messe-stuttgart.de/spielemesse/

Bauen an Kniwwelen 1 fir de Stand op der Vakanzefoire

Et ass och méiglech, sech just fir 1 Dag anzeschreiwen

Hei maachen mir d'Preparatioun fir den Stand vun Young Caritas op der Vakanzefoire am Januar.

Mir preparéieren a baue grouss Saachen a Spiller. Och grouss Panneau'en gi gemoolt.

Viraussetzung fir kenne matzemaachen ass dass Du handwierklecht Geschéck hues.
(Sécheren Ëmgang mat Buermaschinn, See'en, Materialkunde ...)

Wenns Du dir net sécher bass, op dat eppes fir dech ass, da schreif mir nathalie@youngcaritas.

____________________________________________________
Oflaf:

Ufangs November hunn mir eng Versammlung mat de Responsabel vun der Foire.
Dann gëtt decidéiert wat Young Caritas . Also och wat mir bauen.
Als nächst siche déi Verantwortlech vum Spillmobil déi Bénévoler eraus deenen hier Fäegkeet fir dëst ze baue gebraucht ginn.
Unzuel vun de Bénévol ass begrenzt, well den Atelier net grouss ass.
Bis spéitstens Enn November ginn also Confirmatiounen bzw. Ofsoen eraus.

_____________________________________________________
Falls Du lo net konns matmaachen an awer interesséiert bass, mell dech bei mir,  ginn et och méi liicht Preparatioune wous Du kanns hëllefen.

Bauen an Kniwwelen 2 fir de Stand op der Vakanzefoire

Sylvester

Déi lescht Deeg vun desem Joer si gezielt an du hues Loscht
mat Gläichaltrigen ob eng spannend Rees ze goen? Vill
opreegend Momenter, kniwweleg Aufgaben an mysteriéis
Geheimnisser erwaarden dech um Wee an dat neit Joer.
Sief dobäi an loss dech verféieren…
D’Equipe hofft ob deng Ënnerstëtzung op der grousser
Rees. Mell dech séier un!

As-tu envie de passer les derniers jours de l’année avec
tes copains dans un voyage passionnant ? Des moments
inoubliables, des énigmes à résoudre et de secrets mystérieux
t’attendent pour le nouvel an. Réserve ta place maintenant!

Young Caritas Radio Show

Bass du Benevol bei Young Caritas? Engagéiers du dech an denger Fräizäit? Hues du Loscht Themen unzeschwätze wou dir wichteg sinn an eng Plattform ze kréie vir iwwert däin Engagement ze schwätzen? Wollts du schonn ëmmer béi de Radio? Mir siche motivéiert Jonker wou wëllen 2020 eis 4 Young Caritas Sendungen beim Radio Graffiti, d'Jugendsendungen um Radio ARA, plangen, gestalten an senden. Vir iech dorop vir ze bereede kritt dir en klenge Workshop a Punkto Radio.

Wëlls de matmaachen, da mell dech beim Nick um  charge@youngcaritas.lu