Events

Erliefniskolonie

Hues du Loscht fir 10 Deeg laang super Aktivitéite matzemaachen? Fir dech mat Kollege gutt z’ameséieren an eng onvergiesslech Zäit ze verbréngen? Wëlls du selwer decidéiere wéi eng Atelieren, Aktivitéiten an Hiken dass du maache wëlls? An och de Stau mam VTT, Stand up Paddling, oder Kayak nei entdecken? Da mell och du dech schnell fir d'Erliefniskolonie um Neihaischen un.

Spill + Erlierfnisdeeg (Démontage)

Samschdes, den 22. An Sonndes den 23.

Demontage vum Site

op dësen puer Deeg gëtt schwéier geschafft. Dat ganzt Material muss nees vun der Plaz bruecht ginn, Zelter ofgeriicht ....

Umeldung hei iwwert eis HP oder per Mail un mech.

och weider Detailer ginn et bei mir: nathalie@youngcaritas.lu

 

wenns Du net fir een ganzen Block Zäit hues, dann mell dech bei mir,

ënner gewëssen Conditiounen ass eng Umeldung och fir just eenzel Deeg méiglech.

 

Dëst Joer sinn eis Spill an Erlierfnisdeeg folgendermoossen opgedeelt:

 

Do 6. + Fr 7. Material kënnt op den Site

Toiletten Container an Camion vun Infopla kommen un an muss ausgepaakt ginn,

mir ginn vill Material op Walfer an Izeg sichen

 

Sa 8. + So 9. Montage vum Site

Zelter, Bänken, Dëscher, Podester, grouss Konstruktiounen

 

Mo 10. + Di 11. Briefing an Préparatioun Thema „Zäitrees“

Kulissen an kleng Spiller ginn gebaut, Verkleedung, etc.

 

Mi 12. + Do 13. + Fr 14. Animatioun fir Thema „Zäiitreess“

Hurra, op dësen Deeg kommen Kanner.

Mir erwaarden +/- 80 Kanner den Dag am Alter vun 6-12 Joer

 

Sa 15. (offiziellen Feierdag, Mariahimmelfahrt)

groussen Ausfluch fir all Bénévoler déi dëst Joer beim Spillmobil mat gehollef hunn

 

So 16. fräien Dag fir Bénévol

neen, Bénévoler kënnen net um Site bleiwen,

mee et ass eng Persoun do, déi op eist Material oppasst

 

Mo 17. + Di 18. Briefing an Préparatioun fir Thema „Alice im Wunderland“

Kulissen an kleng Spiller ginn gebaut, Verkleedung, etc.

 

Mi 19. + Do 20. + Fr 21. Animatioun fir Thema „Alice im Wunderland“  

Hurra, op dësen Deeg kommen Kanner.

Mir erwaarden +/- 100 Kanner den Dag am Alter vun 3-6 Joer

 

Sa 22. + So 23. Demontage vum Site

Zelter, Bänken, Dëscher, Podester, grouss Konstruktiounen

 

Mo 26. Retour Material

Camion vun Infopla kënnt Material sichen an mir bréngen nees alles zréck op Walfer an Izeg

Reiden zu Kell am See

Ganz nei an onsem Programm! Nouveau dans notre offre! Vakanz um Fronhof zu Kell am See Du bass frou mat Päerd? Du wéils gären Reiden léieren oder bass en gudden Reider? Dann bass du hei genau Richteg! Wéini? Vum 22.08 – 29.08 2020 Wou? Zu Kell am See um flotten Fronhof Fir wien? Fir Kanner vun 9 – 12 Joer , Ufänger oder gudde Reider Caballo Loco: Hü Hott, Vakanz am Suedel zu Kell am See (D) Schon eng kéier Loscht gehat Reitsport ze bedreiwen? Awer net nëmmen dat. Kloteren, schwammen, allgemeng deng Energie eraus loosse seet dir zou? Dann bass de hei bei der Kolonie „Fronhof beim Kell am See“ genau richteg. Op dem Reithaff gëtt et ee risegen Ugebuet vu Ponyreiden, Reitspieler an Ponyspieler – an dat alles um schéinen „Fronhof“, direkt beim Séi. Awer et erwaarden dech net nëmme Reitsport mee och een ofwiesslungsräiche Fräizéitprogramm, spannend Aktivitéite vir matzemaachen, nei Kollege kenneléieren, neies leieren a lecker Verfleegung. Erlief eng flott Zäit zesumme mat den treie Véierbeener a maach dech gefaasst, well di Reitkolonie wäert dech aus dem Suedel rappen. Des Vakanz richt sech un Kanner zwëschen 8 an 12 Joer. Et ass net ausschlaggebend, ob du di alleréischte kéier mat Pony oder Päerd a Kontakt kenns oder schonns ee Profi bass. Dat géif dir gefalen? Dann schreif dech schnell an! Hü Hott, les vacances à cheval à Kell am See As-tu déjà eu envie de monter à cheval ? Eh bien, non seulement faire de l’équitation mais aussi de l’escalade, de la natation, jouer, s’amuser, se défouler et s’éclater. Alors pour toi, l’endroit idéal se trouve à Kell am See, la colonie Fronhof. Ce centre équestre offre un grand choix pour faire de l‘équitation dans un vaste et merveilleux cadre. Un énorme choix de jeux et d’activités t’y attend, des aventures, des copains, tu vivras quelque chose d’absolument différent et n’oublies pas que tu seras gâté avec un excellent ravitaillement. Partage cette belle expérience ensemble avec les quatre pattes du Fronhof et attends-toi à être désarçonné complètement. La colonie de vacances s’adresse aux enfants de 8 à 12 ans. Peu importe si c’est ton premier contact avec les poneys ou chevaux, ou si tu es déjà un professionnel en la matière. Tu as envie? Alors inscrits toi vite! : 

Lët'z Aktiv

De Summer as laang, an d’Kollegen sin alleguerten fort? Dann hu mir d’Léisung

fier dech! Mir maachen der Langweil e Strech duerch d’Rechnung!

Mat engem ofwieslungsräichen Programm kanns du Saachen erlierwen,

déi’s du nach ni gemaach hues an Plaatzen entdecken, déi’s du nach ni

gesin hues. Ob ze Fouss, am Waasser oder héich uewen an de Beem, mir sin

ëmmer an Beweegung. Wanns du prett bass der Langweil „Äddi“ ze soen

an eng spannend Zäit ze erliewen, dann mell dech elo séier un!

 

L’été est trop long et les amis sont partis en vacances ? Nous avons la

solution pour toi ! Avec un programme diversifié, qui ne laisse pas de place

à l’ennui, tu peux faire des expériences que tu n’as pas encore faites et découvrir

des endroits que tu n’as pas encore vus. À pied, dans l’eau ou haut

dans les arbres, nous sommes toujours en mouvement. Si tu es prêt à dire

« Adieu » à l’ennui et à passer un moment plein d’action, alors inscris-toi

maintenant !

Spill + Erlierwnisdeeg (Material retour)

Méindes, den 24. August.

Material bréngen mir erof vum Site

 

Hei brauchen mir just zäitweis e puer Bénévoler fir den Camion zu Diddeléng ze fëllen an zu Izeg/Walfer eidel ze maachen,

 

Umeldung hei iwwert eis HP oder per Mail un mech.

och weider Detailer ginn et bei mir: nathalie@youngcaritas.lu

 

wenns Du net fir een ganzen Block Zäit hues, dann mell dech bei mir,

ënner gewëssen Conditiounen ass eng Umeldung och fir just eenzel Deeg méiglech.

 

Dëst Joer sinn eis Spill an Erlierfnisdeeg folgendermoossen opgedeelt:

 

Do 6. + Fr 7. Material kënnt op den Site

Toiletten Container an Camion vun Infopla kommen un an muss ausgepaakt ginn,

mir ginn vill Material op Walfer an Izeg sichen

 

Sa 8. + So 9. Montage vum Site

Zelter, Bänken, Dëscher, Podester, grouss Konstruktiounen

 

Mo 10. + Di 11. Briefing an Préparatioun Thema „Zäitrees“

Kulissen an kleng Spiller ginn gebaut, Verkleedung, etc.

 

Mi 12. + Do 13. + Fr 14. Animatioun fir Thema „Zäiitreess“

Hurra, op dësen Deeg kommen Kanner.

Mir erwaarden +/- 80 Kanner den Dag am Alter vun 6-12 Joer

 

Sa 15. (offiziellen Feierdag, Mariahimmelfahrt)

groussen Ausfluch fir all Bénévoler déi dëst Joer beim Spillmobil mat gehollef hunn

 

So 16. fräien Dag fir Bénévol

neen, Bénévoler kënnen net um Site bleiwen,

mee et ass eng Persoun do, déi op eist Material oppasst

 

Mo 17. + Di 18. Briefing an Préparatioun fir Thema „Alice im Wunderland“

Kulissen an kleng Spiller ginn gebaut, Verkleedung, etc.

 

Mi 19. + Do 20. + Fr 21. Animatioun fir Thema „Alice im Wunderland“  

Hurra, op dësen Deeg kommen Kanner.

Mir erwaarden +/- 100 Kanner den Dag am Alter vun 3-6 Joer

 

Sa 22. + So 23. Demontage vum Site

Zelter, Bänken, Dëscher, Podester, grouss Konstruktiounen

 

Mo 26. Retour Material

Camion vun Infopla kënnt Material sichen an mir bréngen nees alles zréck op Walfer an Izeg

SUN & FUN a Bulgarien (BG)

In Bulgarien ist Sport & Spaß am Meer oder am Pool angesagt und dies im All Inclusive Clubhotel Evrika. Neben einer spektakulären Wasserrutsche bietet das Hotel auch viele Sportmöglichkeiten wie Tennis, Fußball, Volleyball, Wassersport, Shuffleboard… und ein tolles Abendprogramm. Im Preis inbegriffen: Flugreise mit Luxair Unterbringung im All Inclusive Club Hotel**** Evrika Sport- und Animationsprogramm Ausflug nach Nessebar Begleitung und Betreuung durch die Animateure des Foyer de la Femme : 

TAUCHEN op Korsika (F)

Das Tauchzentrum „l’Incantu“ befindet sich in Galeria, einem kleinen Ort, in der Nähe von Calvi. Die Residenz, in welcher Ihr untergebracht seid, liegt im Grünen nur 300 Meter vom Strand entfernt. Das Tauchzenter gehört zu den größten Frankreichs und verfügt über hoch qualifizierte Tauchlehrer. Ihr könnt diese Tauchwoche mit einem Tauchschein abschließen sowie weitere Taucherfahrungen sammeln. Neben den Tauchkursen bleibt auch noch genügend Zeit die herrliche Insel kennen zu lernen. Im Preis inbegriffen: Die Hin- und Rückreise (Bus & Flug, Unterbringung mit Vollpension in der Residenz*** 8 Tauchgänge (Brevet Niveau 1/Homologiert in Luxemburg & Frankreich), Miete für die Tauchausrüstung, Unfallversicherung, Betreuung und Begleitung durch den Foyer de la Femme sowie einen Verantwortlichen der FLASSA (Fédération Luxembourgeoise des Activités et Sports Sub-Aquatiques) : 

SPORTS & FUN a Sizilien (I)

Ihr fliegt mit der Luxair nach Sizilien und verbringt eine aktive und abwechslungsreiche Woche im All inklusiv Club Med Kamarina. Auf dem Programm stehen viele sportliche Aktivitäten zu Land und zu Wasser (Trapez, Bogenschießen, Minigolf, Tennis, Beachvolleyball, Wasserpolo, Aquagym, Katamaran, Standup paddle, Kanu, Quad…), des Weiteren Abendanimationen wie Shows, Tanzen, Challenges… und dies natürlich in lockerer und freundschaftlicher Atmosphäre. Im Preis inbegriffen: Flugreise mit Luxair Unterbringung im All Inclusive Club Med Kamarina Sport- und Animationsprogramm Unfallversicherung Begleitung und Betreuung durch die Animateure des Foyer de la Femme : 

La Panne Rock&Roll

La Panne Rock’N‘Roll ! Des Vakanz riicht sech un jonk Läit mat engem Handicap ab 16 Joer. An engem flotten Kader, onst Vakanzenhaus d’Sandkaul läit 400 Meter vun der Plage ewech, bidden mir hinnen e puer Deeg Vakanz zesummen mat Gläichgesënnten. Hei kann jiddereen sech erhuelen, sech ameséieren, Spaass hunn, an dëst an engem deenen jeeweilegen Besoinen ugepassten Rhythmus. Begleet ginn die jonk Läit vun jonken Bénévole vum Jugendroutkräiz, die hei zesummen mat hinnen e puer flotter Deeg wëllen verbréngen. D‘Aktivitéiten sinn un die jeeweileg Handicap ‘en vun den Participanten ugepasst. Mir maachen flott Spazéiergang duerch d’Dünenwelt, gi Minigolf spillen, Gokart fueren, buddelen um Strand, Schokki drénken op der Digue mat engem gudden Eisekuch, an en Besuch am bekannten Plopsaland ass och geplangt. Mir freeën ons zesummen mat dir op eng flott Vakanz!! La Panne Rock’N’Roll Ce séjour de vacances s'adresse aux jeunes gens atteints d’un handicapes, à partir de 16 ans. Dans un lieu confortable, notre maison de vacances se trouve à deux pas de la plage, nous leur offrons des vacances inoubliables. Ici tout le monde peut récupérer, au rythme de ses besoins. Les jeunes sont accompagnés de jeunes bénévoles de la Croix-Rouge de la jeunesse qui, avec eux, souhaitent passer quelques jours. Les activités sont adaptées au handicap respectif des participants. Au programme nous avons des longues promenades dans le monde des dunes, du mini-golf, se relaxer sur la plage, boire un bon Schokki sur la digue avec une bonne gaufre et la visite du célèbre parc d’attraction Plopsaland. Nous sommes impatients de passer avec vous des vacances réussies! : 

Check-In

Wanns du am September nach keng Loscht hues u Schoul ze denken, mee de Summer nach eng lescht Kéier a vollen Zich wëlls genéissen, da bass du zesumme mat denge Frënn genau richteg um Check-In. Hei erwaarden dech Kayak, Stand up paddle, kreativ Workshops, en Hike a vill aner genial, kreativ a lëschteg Momenter!

Kolonie Emol Anescht (colonie d'intégration)

Wëlls du eng Kolonie erliewen an Éisträich, déi eemol anescht ass? An enger flotter Géigend, wou mer ënner anerem e Sky Walk maachen, bis erop op 1600m an eng wonnerschéin Alm hiken an do iwwernuechten an déi gréisste Zipline an den Alpe rocken. Wéi et sech op enger Kolonie eemol anescht gehéiert, kënne Fräizäiten zum Beispill am Wellnessberäich oder an der schéiner Alstad gemaach ginn. Den eemol anescht kënnt dohir, dass dës Kolonie fir jiddereen ass a keen Handicap en Hindernis duerstellt, ganz nom Motto „barrierefreier Urlaub“.

Mir hunn op dëser Kolonie 10 Plaze fir Jonker mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.

Momentan sinn déi 10 Plaze fir Jonker mat Behënnerung scho besat. Fir déi Plaze kann ee sech just nach op d'Waardelëscht aschreiwen.

Mountainbike Weekend

Du bass e leidenschaftleche Mountain-Bike Fuerer, hues well bësse Fuerkenntnis, wëlls awer gären nei Erfahrunge sammelen an och deng Technik verbesseren? Wëlls De dobäi och nach nei Leit kenneléieren a Spaass hunn? Da mell dech bei eis un a sief gespaant op eng flott Aventure.

Cinopolis

Wëlls du och wéi den Jack Sparrow, d’Lara Croft oder den Harry Potter an all Kino bestaunt ginn? De Cinopolis mécht aus dir deen nächsten Hollywood-Star! Erlief selwer mat wat et heescht op der Bühn ze stoen an ee Schauspiller ze sinn. Ergräif deng eemoleg Chance op ee gëllenen Oscar a sief dobäi wann de Cinopolis seng Dieren opmécht. „The show must go on“.

Hollenfall

Vu Feierspäitze bis hin zu de komplizéiertsten Zauberspréch an Zaubertränk, op der berühmter Zauberschoul Hollenfall kanns du alles iwwer Magie léieren. Erlief ee Schlass voller Abenteuer, Mysterien a Rätselen. Mell dech an deng Kollege séier un an erlief dat Onvirstellbart.

Grouss Spiller am Bësch an an der Stad (weekend de base)

Wat kënne mer mat de Kanner haut de Mëtte maachen? Eng Aktivitéit fir d´ganz Kolonie? Iwwer de ganzen Dag? E Spill am Bësch? Wann s du der dës Froen stells an och nach wëlls wëssen, wéi een esou eng Aktivitéit organiséiert, da mell dech hei un. Hei kriss du d’Méiglechkeet, fir selwer ze plangen an auszeprobéieren.

Dëse Weekend fänkt Freides owes un!!

Pages