Äntfert op eis Fro: Aschreiwungen bei der ADEM

Et dauert am Schnëtt 26 Deeg bis ee bei der ADEM definitiv ageschriwwen ass. An der Stad waart ee mat 28. Deeg am längsten. Dat ass eng vun den Äntwerten, déi mer vun der Regierung op eis parlamentaresch Fro vum 28. Januar 2018 kruten.

Domadder krute mer vun offizieller Säit bestätegt, dass d’Aschreiwunge bei der ADEM effektiv extrem lues sinn.

Als Erklärung krute mer gesot, dass 50% méi Läit sech tëscht November a Januar bei der ADEM ageschriwwen hunn, anscheinend wéinst der Ännerung vum Gesetz zum REVIS an eisem attraktive lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché fir Mënschen, déi am Ausland wunnen.

De Problem ass also zur Halschent selwer gemaacht, well d’ADEM sech net genuch op d’Héicht vun der Aarbecht virbereet huet. D’Bezuelen däerf de Bierger mat senger Zäit, säin Dossier muss waarden.

D’Pirate géifen sech wënschen, dass d’Regierung op Wierder vum Premierminister vu senger Ried vum 11ten Dezember 2018 Dote folge léisst. Well d’ADEM ass, am Géigendeel zu dem wat den Här Premierminister sot, nach laang keng berodend Funktioun fir vill Bierger, mee eng onnéideg administrativ Demarche ouni vill Méiwäert.

Mer fuerdere konkret Mesurë fir de Fonctionnement vun der ADEM ze verbesseren. Eng Digitaliséierung an eng schnell Méiglechkeet sech anzeschreiwe géifen den Aarbechtsichenden zu Lëtzebuerg scho vill onnéideg Demarchen erspueren.

Hei d’ÄntfertHerunterladen

Hei d’Fro

https://www.piraten.lu/waarden-op-daschreiwung-bei-der-adem-wei-eng-meiglechkeeten-hunn-dlaeit-dei-de-revis-brauchen/

Creator: