Äntfert op eis Fro: Handwierker beim Staat

De lëtzebuergesche Qualifikatiounsrahmen hält fest, dass e Meeschterbréif am Handwierk enger Qualifikatioun vun Niveau 5 entsprécht. Zum Verglach: En Ofschloss am Secondaire, d. h.  eng 1e oder eng 13e entspriechen enger Qualifikatioun vun Niveau 4. An trotzdeem si vill Handwierkerinnen an Handwierker beim Staat net an enger Karriär B1, déi hirem Qualifikatiounsniveau entsprieche géing, mee an enger méi niddreger Karriär D1 agestallt, wou si signifikant manner verdéngen, wéi am B1.

Eng Handwierkerin oder en Handwierker mat Meeschterbréif aus der Karriär D1 kritt pro Joer 23.000 Euro manner, wéi si/hien no engem Reklassement wéinst der Unerkennung vum Meeschterbréif ze gutt hätt. Wéi aus enger Äntwert vum Minister op eis parlamentaresch Fro N°214 ervir geet, sinn 192 Fonctionnairen an eng onbekannten Zuel un Employéeën aus dem Handwierk heivu betraff.

Dat däerf net sinn! Eng Ausbildung muss sech lounen. Wéi soll d’Handwierk als Beruff attraktiv bléiwen, wann den Diplom net déi finanziell Unerkennung erhält, déi em zoustoe misst?

Äntfert op eis QP
Herunterladen

Hei ass eis Fro: https://www.piraten.lu/eng-parlamentaresch-fro-iwwert-dhandwierker-mat-meeschterpruefung-an-der-fonction-publique/

Creator: