Ënnert dem Pavé 03.08.2019 / Antisemitismus zu Lëtzebuerg

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/07/Ennert-dem-Pavé.mp3

 

An dëser Emissioun vun Ënnert dem Pavé widme mer eis dem Thema Antisemitismus. An engem längeren Interview mam Bernhard Gottlieb als President vum RIAL – Recherche et informations sur l’antisémitisme au Luxembourg – erzielt en eis iwwer perséinlech Erfarunge mam Antisemitismus, weieng Roll d’sozial Medie bei dem Thema spillt an och iwwert d’Verschwierungstheorië wäert geschwat ginn.

Den Interview ass an dräi gedeelt a jeeweils mat engem Lidd ënnerbrach.

Den éischten Deel ass dem Personnage Bernhard Gottlieb a sengem Wierke gewidmet. Den zweeten Deel beliicht dann d’Approche vum RIAL a beäntwert d’Fro, wei en sech selwer verhale soll, wann een Diskriminatioun erlieft. De leschten Deel gëllt méi allgemeng der Thematik Antisemitismus. Natierlech ka bei sou enge vasten Thema nëmme kuerz puer Themen ugeschnidde ginn.

 

Rapport vum Rial vun 2017:

http://rial.lu/wp-content/uploads/2018/06/RIAL-RAPPORT-pour-lann%C3%A9e-2017.pdf

Playlist:

Ceremony – Turn Away The Bad Things
Casper – Morgellon

Creator: