„Mir hunn et jo” – Eng Politik vum Iwwerfloss

Version française (FR)

Deutsche Fassung (DE)

D’lescht Woch huet d’Regierung Bettel eng ëmfaassend Steierreform gestëmmt. D’CSJ schätzt dës als opportunistesch, onverantwortlech a respektlos géigeniwwer de kommende Generatiounen an, well se net nëmme riskéiert ronn eng Milliard Euro u Budgetsdefizit fir d’Joer 2017 mat sech ze bréngen, mee mat héijer Wahrscheinlechkeet och déi nächst Budgete schwéier belaaschte wäert.

Fir dës Reform bei der EU-Kommissioun an der ëffentlecher Meenung ze justifiéieren, huet d’Regierung trügerescherweis d’Definitioun vun engem „konsolidéierte Budget” geännert. Si huet d’Budgetszil kuerzfristeg vun +0,5% op -0,5% erof gesat. Dat huet nom Conseil national des finances publiques als Konsequenz, datt d’Limite vun der Verscholdung implizit op 60% erhéicht wäert ginn, amplaz vun deenen, vum Regierungsplang virgesinnenen, 30%. Domadder bënnt sech d’Regierung och faktesch un déi ëmstridden Hypotheese vum 1,1 Milliounen Awunnerstaat am Joer 2060.

D’Zäite vum Spueren, déi virun 3 Joer vun der Regierung gepriedegt an héich gehale goufen, sinn deemno endgülteg eriwwer.

D’CSJ stellt d’Noutwendegkeet vun dëse Mesuren a Fro, a weist sech besuergt iwwert déi méiglech Konsequenze fir déi laangfristeg finanziell Situatioun vun eisem Land.

De Premierminister schéngt d’Leit berouegen ze wëllen, andeems hie betount, dat d’Land sech déi Ausgaben „erlabe kann”, ouni datt dëst en dauerhaften Impakt op d’ëffentlech Finanzen hätt.

Et stellt sech awer d’Fro, ob Lëtzebuerg sech dëst wierklech „erlabe” kann. Et stellt ee fest, dat den ablacklech staarke Wuesstem vun eisem Land, der Regierung eng relativ komfortabel Lag verschaf huet am Vergläich zu eisen Nopeschlänner. Dat ass awer leider net op laang Siicht garantéiert. Tatsächlech sinn d’Finanzmäert net sécher virun neien Turbulenzen, an zousätzlech rifft déi aktuell politesch a wirtschaftlech Instabilitéit an Europa zur Virsiicht op.

Ënnert der leschter CSV/LSAP Regierung ass de Budgetsdefizit och an d’Luucht gaangen, mee allerdéngs aus anere Grënn: 2008 huet Lëtzebuerg op eng keynesianesch Politik zeréckgegraff, déi virgesäit, a schlechten Zäiten d’Wirtschaft duerch ëffentlech Investitiounen erëm unzekuerbelen.

Haut mengt déi aktuell Regierung et besser ze wëssen, andeems se op eng zyklesch Politik setzt. Amplaz vum aktuelle Wuesstem ze profitéieren, fir endlech d’Staatsfinanzen ze sanéieren, riskéiert si nach méi Scholden ze maachen, fir ënner anerem eng deier Steierreform ze finanzéieren. Heibäi handelt et sech ëm eng kuerzfristeg Budgetspolitik, déi an eisen Aen en erschreckende Manktem vu finanzpolitescher Disziplin opweist. D’Regierung stellt sech léiwer daf an ignoréiert d’Meenung vun den Institutiounen, wéi der Lëtzebuerger Zentralbank, dem Internationale Währungsfong an der Handwierkerkummer, déi alleguerten eng méi virsiichteg Finanzpolitik virgeschloen hunn.

Dëst gëtt och nach duerch déi onkomplett Ëmsetzung vum „Zukunftspak” an duerch de rezente Gehälteraccord mam ëffentlechen Déngscht verschlëmmert. Dës Mesure weisen, zesumme mat der Steierreform, dass déi aktuell Politik vum Iwwerfloss zu Laaschte vun de kommende Jore gemaach gëtt.

Et kann een also net nëmmen um Verantwortungsbewosstsinn vun dëser Regierung zweiwelen, mee och e gewëssen Opportunismus hisiichtlech vun de kommende Wahle feststellen.

Matgedeelt vum CSJ Nationalcomité

Creator: