2019-11-12 Radio Rotondes (Lisi)

Wéi eng kulturell Erfarungen häls du fir ëmmer an dengem Häerz? Wéi eng Initiativen sëtzen sech fir d’Léit am Bouneweger Quartier an? Wéi gesäit een typeschen Dag an de Rotonden aus?

An de Radio Rotondes Emissiounen, kanns du d’Äntwerten zu all dëse Froen (an och méi!) entdecken. Radio Rotondes ass eng Emissioun déi sëch iwwert Kultur, Kreativitéit an éis Bouneweger Noperschaft dréit. Fir Hardcore Museksfans bidden mir och e flotte Museksprogramm un (mir hunn och eng Spotify Playlëscht)

Dëse Mount waren mer erëm busy bees! Mir haten eng Rëtsch vu kreativ Séilen hannert dem Mikro. Hei sinn eis Show Notes fir d’Emissioun #7 mat méi Infoe zu eisen Invitéë.

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/11/2019-11-12-Radio-Rotondes-18.30-20h-1.mp3 Eis Noperschaft: Walk & Talk mam Karine Birgé

Mir hunn mat der franséischer co-directrice artistique, metteur en scène an interprète een Trëppeltour duerch de Bouneweger Quartier gemaach. Hatt huet eis iwwert seng Projeten a perséinlech Inspiratiounen erzielt, ënnert anerem:

Frankenstein

Eng flott Adaptatioun vun Frankenstein a Form vun Objetstheater vun der BréisseleTheater Kompanie Karyatides.

Theo Angelopoulos

En griicheschen Cinéast deen fir den „Néien griicheschen Kino“ bekannt ass an ënner anerem d’palme d’or zu Cannes an den lion d’argent zu Venedeg gewonnen huet.

Pedro Costa

En portugiseschen Realisateur, Scénariste an Direkter vun der portugisescher Fotografie.

Annette Messager

Eng franséisch Artistin an Plasticienne déi och Installatiounen realiséiert unhand vun verschidden Techniken wéi d’Fotografie oder den Dessin.

Marché aux puces zu Bréissel

En bekannten Floumaart zu Bréissel am Quartier Bruegel-Marolles mat iwwer 500 Aussteller.

Eis Noperschaft: Spotlight on Ouni

An eiser Géigend ginn et vill Initiativen déi sech fir d’Awunner vu Bouneweg an der Gare asetzen an de Quartier op verschidden Aart a Weise fërderen. Dëse Mount hate mir d’Anne-Claire Delval  vum Ouni hannert dem Mikro:

Ouni

Den éischten verpackungsfräie Liewensmëttel Buttek zu Lëtzebuerg. Ouni steet fir „Organic Unpackaged Natural Ingredients“. Den Buttek fannt dir an der Glesener Strooss an der Stadt (55, rue Glesner, L-1631 Luxembourg).

En Buttek, eng Cooperative

Den Ouni ass eng Cooperative déi komplett den Memberen gehéiert an och vun hinnen geréiert gëtt. Si bidden 2 Zorten vun Memberschaften un (Memberen an aktiv Memberen).  Wëlls du matmaachen oder hues Froen zur Cooperative dann schreif hinnen eng Email op: cooperative@ouni.lu.

Workshoppen an Sensibilisatioun

Den Ouni organiséiert reegelméisseg Workshoppen zu den Themen Offallvermeidung a –preventioun, Zero Waste Lifestyle, Do-it-yoursef, Upcycling, gesond a nohalteg Liewensweis, lokal Liewensmëttel, Ernierung asw. Och mécht d’Equipe vum Ouni eng grouss Sensibilisatioun Aarbecht an Schoulen, Lycéeën, Firmen, Altersheimer, asw. Bass du intresséiert un engem Workshop deel ze huelen respektiv ze leeden dann mell dech op communication@ouni.lu.

Kaffiskränzche mam…Keti Dimitrova

Dëse Mount hunn mir mam Keti Dimitrova eng Taass Kaffi zesumme gedronk. Hatt schafft säit 5 Joer bei den Rotonden am Departement Arts de la Scène. Hat ass zoustänneg fir d‘Coordinatioun an d’Gestioun vun all den Artisten, dat heescht vun der ganzer kontraktueller Gestioun, hirem Sejour an den Rotonden, hirem Ukommen bis hin zu hirem Depart no den Spektakelen.

D’Keti huet iwwert seng Inspiratiounen an zukünfteg Projeten erzielt:

PicElectronic

Den alljäerlechen Festival fir kleng an grouss. Multidisziplinäre Musek wéi och Art de la Scène erwaarden dech de Weekend vum 19-20 Oktober 2019 an den Rotonden.

Real Women would run in rainproof gear

Den hollänneschen Theater Artemis & Het Houten stellen hier Produktioun den 28-29 Dezember 2019 an den Rotondes am Kader vun den Chrëschtdeeg fir.

Hip Hop Marathon

Schüler hunn hei d’Méiglechkeet sech op der Bühn oder op Wänn am Beräich vum Hip Hop ze verwierklechen. Et geet em Rap, Danz, Beatbox an Graffiti. Opgefouert gëtt dat ganzt den 19 Juni 2020 an den Rotonden.

Meine Schwester Frida

Am Roman geet et em dat exzentresch Liewen vum Frida Kahlo, gezielt aus der Siicht vun senger Schwëster. Voller Emotiounen zweschen Léift an Haass – well déi 2 Schwësteren rivaliséieren net nëmmen an hirem Liewen em Unerkennung mee och em deen selwechten Mann.

Theaterpedagogesch Weiderbildung

D’Keti mécht parallel eng Ausbildung zum Theaterpedagog zu Heidelberg. Séin Ziel ass an Zukunft Workshoppen ze gestalten an participativ Projets mat Kanner ze maachen.

Creative Discovery: Benu Village Esch Asbl an den Luxembourg Creative Industries Cluster

An eiser Rubrik „Creative Discovery” kriss du all Mount een Abléck an zwou kreativ Initiativen. Dëse Mount hate mir den Georges Kieffer vum Benu Village Esch an den Marc Lis vum Luxembourg Creative Industries Cluster hannert dem Mikro.

Benu Village Esch 

Eng a.s.b.l déi den Benu béi der Virbereedung, Konzeptioun, Kommunikatioun an dem Opbau vum Benu Village, dem éischten Eco Village an der Groussregioun hëlleft.

Luxembourg Creative Industries Cluster 

Eng Initiative vun Luxinnovation bei deem Ziel ass verschidden interconnectéiert Acteuren zesummen ze bréngen fir hier Visibilitéit ze erhéijen an d’Innovationspotential ze steigeren.

Musek vun der Emissioun

Eise Radio Rotondes Jingle gouf vum Fred Baus (aka Spud Bencer) gemixt.

D’Musek an dëser Sendung ass proposéiert vun eisen inhouse Musek Gurus Marc Hauser an Nicolas Przeor. Wann dir d’Musek besonnesch gefall huet, kanns du dir éis Spotify Playlëscht ulauschteren.

Tune in

Sief och den 10. Dezember 2019 vun 18:30 bis 20:00 bei eiser nächster Emissioun erëm mat dobäi.

Mer géifen eis natierlech och iwwert e Feedback zu eiser Radiosemissioun freeën, also schreif eis roueg eng Mail op radio@rotondes.lu (radio@rotondes.lu) oder kontaktéier eis iwwert eis Facebookseit.

Creator: