Alternativen zu WhatsApp

Bal genee virun engem Joer gouf et schonn eng Kéier e Podcast zum Thema Alternativen zu WhatsApp. Mëttlerweil huet sech e bëssi eppes gedoen: WhatsApp ass zwar elo Enn-zu-Enn verschlësselt, mä gëtt d‘Donnéeë vu senge Notzer, wéi zum Beispill d‘Telefonsnummer, un d‘Mammefirma Facebook weider. Ausserdeem huet WhatsApp eng laang Geschicht vu Schwaachstellen, déi den Messenger net méi sécher maachen. Elo ass nach knapps eng Woch Zäit, iert een déi nei Notzungsbedengungen an domadder den Datentransfer zu Facebook akzeptéieren muss. Héich Zäit also, nach eng Kéier e Bléck op Alternativen zu WhatsApp ze werfen.

Telegram ass déi Alternativ, déi ganz staark u WhatsApp erënnert an déi selwecht Funktioune bidd: Gruppenchats, Fotoen an Audioopnahmen verschécken. De Programmcode vun Telegram ass Open Source, wat bedeit, datt eventuell Schwachstellen méi séier entdeckt kënne ginn. Et gëtt och d’Méiglechkeet, een Usernumm ze wielen, esou datt een keng Telefonsnummer muss uginn, fir mat Leit kënnen ze chatten. Als besonnesche Bonus ginn et nieft de bekannten Emojis Stickeren, wéi se aus dem Facebook-Chat bekannt sinn. Allerdéngs ass d‘Enn-zu-Enn-Verschlësselung net de Standard bei Telegram, en plus gëtt de Messenger net méi als sou eng sécher Alternativ ugesinn, och well d‘Entwéckler wuel net ëmmer immens transparent sinn.

Wire ass een néie Messenger, deen aus der Schwäiz kënnt. En huet déi selwecht Features wéi WhatsApp an bidd déi och all verschlësselt un. Donieft bidd Wire och verschlësselt Gruppentelefonater an Videokonferenzen un. Dat ganzt kascht näischt an ass Open Source, wat heescht datt eventuell Problemer an der Verschlësselung séier bekannt an gefixt gi kënnen. Nach huet Wire net vill User, wat am Moment natierlech nach een Nodeel ass. Dat kéint sech awer séier änneren.

Eng aner Alternativ ass Signal. Virun engem Joer huet Signal nach TextSecure geheescht an just SMSen verschlësselt. Haut ass et méiglech, normal Messagen, Dateien an Telefonsgespréicher iwwert den Datenkanal auszetauschen, och an Gruppen. Och hei ass ëmmer alles verschlësselt. D‘Verschlësselung vu signal huet an der Krypto-Community e ganz gudden Ruff. Signal huet schonn zimlech vill User, wat definitiv vu Virdeel ass.

Och bekannt ass Threema, eng App déi och aus der Schwäiz staamt, vill Funktiounen bidd an alles verschlësselt. Allerdéngs kascht dës App eppes an ass net open-source, wat eng onofhängeg Kontroll onméiglech mécht. Een aneren interessanten Déngscht heescht SIMSme a kënnt vun der däitscher Post. Och hei ass alles Enn zu Enn verschlësselt an et ginn vill Funktiounen. En plus kann een iwwert déi App och Noriichten vun groussen däitsche Medie liesen. Och hei ginn et nach net vill User.

Grondsätzlech ginn et vill Alternativen zu WhatsApp – och Messenger wéi kik oder LINE gehéieren dozou, mä déi mannst dovunner si verschlësselt. Eisen Iwwerbléck huet déi wichtegst virgestallt. Realistescherweis wäert een wuel net mat engem eenzegen Messenger jiddereen erreeche kënnen. Lo ass et un iech, d‘Apps auszeprobéieren an är Kontakter dovunner ze iwwerzeegen, de Wiessel ewech vu WhatsApp ze maachen.

Iwwersiicht EFF: https://www.eff.org/node/82654

Telegram: https://telegram.org

Wire: https://wire.com

Signal: http://whispersystems.org/

Threema: https://threema.ch/

SIMSme: http://www.simsme.de/

Creator: