D’EGMJ begréisst hiren nei Stagiaire

Bis Enn Mee 2016 huet de Siège vun der EGMJ en neie Mataarbechter am Stage, de Fabio Albuquerque. Hie steet de Memberen a Jugendhaiser all Dag vun 9-17 Auer zur Verfügung. Seng Mailsadress ass: stagiaire@egmj.lu a seng Telefonsnummer ass 26 29 32 35.

Ganz gär steet hien de Jugendhaiser och zur Verfügung, wa si fir eng Aktivitéit mat Jonken personell Verstäerkung brauchen. Hie géif sech iwwer den Abléck an déi éducativ Aarbecht freeën

Hei stellt hien sech selwer vir:

Léif All,

Als neie Stagiaire vun der EGMJ stellen ech mech gäre kuerz vir.

Mäin Numm ass Fabio, hunn 23 Joer, a studéieren am Moment „Bachelor a Gestioun“ op der UNI Lëtzebuerg. Wann alles gudd leeft, wäert ech mäi Studium am Summer 2016 mat engem Bachelors-Diplom ofschléissen. Ech besichen oft d‘Jugendhaiser a menger Fräizäit an dofir ass et fir mech ganz interessant an dësem Beräich kënne fir e puer Méint en Abléck ze kréien, bei deem ech meng administrativ Kenntnisser am Jugendsekteur zur Verfügung stellen däerf.

Meng Missioun an der Entente besteet doran, administrativ matzeschaffen, eis Memberen a Visiteuren un der Receptioun ze empfänken an d’Team ze ënnerstëtze wou et nëmme geet.
Dir wäert banne vun den nächste 4 Méint (bis Enn Mee 2016) am Kader vun dëser Missioun mat mir ze dinn hunn.

Dir kënnt mech gäre besiche kommen un der Receptioun vum éischte Stack vun der “Maison de la Jeunesse” oder mech iwwert Telefon oder Email kontaktéieren:

Tél: 26 29 32 35
Mail: stagiaire@egmj.lu

Ech freeë mech op eng gutt zukünfteg Zesummenaarbecht.

Alles Guddes

Fabio

 

The post D’EGMJ begréisst hiren nei Stagiaire appeared first on Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes.

Creator: