D’Fondatioun vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten sicht fir e CDD e Comptable

De Frank Lulof ass vu Mëtt Abrëll un fir e puer Méint am Congé Maladie an datt net ze vill leie bleift siche mer e Remplaçant.

De Schwéierpunkt vun der Aarbecht leit ganz kloer op der Comptabilitéit, dofir siche mer eng Persoun déi sech doran doheem fillt (a wa méiglech och schonn mam Compta Programm « BOB » geschafft huet).

Et geet zemools em den Encodage vun den Extraiten an em d’Bezuele vu Rechnungen.

Do dernieft falen och nach allgemeng administrativ Aarbechten ewéi d’Declaratioun vun den Assurance Fäll,… un.

Wichteg ass datt een autonom schaffe kann an Interessi huet Neies ze léieren.

Carrière? De Salaire baséiert op dem SAS Kollektifvertrag (PA3). Et muss een op mannst eng 13ième  Secondaire Technique Commerce et Gestion hunn.

Ab wéini? Méiglech wär et schonn de 15. Februar unzefänken spéitstens muss et de 15.Mäerz sinn (de Frank ass vu Mëtt Abrëll u fort a mir brauchen op mannst een Mount fir e gudden Iwwergang ze garantéieren)

Wéi laang: Zum Beispill vum 15.2. bis 15.7. fir 20 Stonnen an der Woch (mir sinn wat Dauer a Méint an awer och d’Stonne pro Woch ugeet zum Deel flexibel / deemno wéi kann de Kontrakt och verlängert ginn)

Wann s du un dësem Posten interesséiert bass oder nach Froen hues da mell dech beim Tom Biever (Tel.:26968422 tom.biever@lgs.lu) oder schéck dei CV mat Kandidatur op:

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

5, rue Munchen-Tesch

L-2173 Luxembourg

 

Du kanns gären dës Annonce u Frënn, Famille,… weiderginn.

Creator: