De CePT – Centre de Prévention des Toxicomanies sicht :

 

De CePT, den Nationale Suchtpräventiounszenter, wennt sech mat sengem Präventiounskonzept, am Kader vun der Gesondheetsfërderung souwuel un d’Ëffentlechkeet als och un d’Multiplicateuren am psycho-sozio-edukativen a medezinesche Beräich. Niewent den Informatioune gi Fortbildungen a Projeten a verschidde Beräicher (Schoulen, Jugendaarbecht, Gemengen,…) zu suchtpräventiven Themen ugebueden.

Fir der Nofro vu suchtpräventiven Ufroen nozekommen an eis Formatiounsekipp ze ënnerstëtzen, siche mir:

een Universitaire/Master (m/w)

fir allgemeng Suchtpräventiounsaarbecht fir Deelzäitaarbecht 20 oder 30 Stonnen mat onbefristem Aarbechtskontrakt

Är Aufgaben:

Recherche- a Konzept-Aarbechten Projeten a Formatioune entwéckelen an duerchféieren Informatiouns- an didaktesch Material ausschaffen

Äre Profil:

Dir hutt e Masterdiplom, deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass Dir hutt wéinstens 5 Joer Beruffserfarung Erfarung am Beräich vu Suchtpräventioun ass vu Virdeel Dir kënnt Iech ouni Schwieregkeeten mëndlech wéi och schrëftlech op lëtzebuergesch, franséisch an däitsch ausdrécken Dir hutt den Fürerschäi Klass B Dir gitt gutt eens mat deene gängegen IT-Programmer Dir sidd kontaktfreedeg, kommunikativ, flexibel an teamfäeg Dir sidd organiséiert a strukturéiert an Ärer Aarbecht

 Mir bidden:

Salaire a Konditioune vum CCT-SAS C7. Eng flott an ofwiesslungsräich Aarbechtsplaz Flexibel Auerzäiten

Astellung fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummen ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf, enger Kopie vum Diplom a senger Unerkennung
virum 7. Februar 2020 op:

CePT – Centre de Prévention des Toxicomanies
Direktioun

8-10, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg

direction@cept.lu

L’article De CePT – Centre de Prévention des Toxicomanies sicht : est apparu en premier sur cnapa.