An den Schong vun engem bolivianeschen Aarbechter

Programme: SVCOrganisation d’accueil: OGBL Solidarité SyndicaleLieu de la mission: Cochabamba/BolivienDurée de la mission: Minimum 9 Méint

D’ONG „OGBL Solidarité Syndicale“ sicht e Volontaire fir 9-12 Méint eise Projet „Trabajo Digno – Ënnerstëtzung fir eng wierdeg Aarbecht“ zu Cochabamba/Bolivien ze begleeden.

Personne de contact: 

Betreiung: D’Coopérante vun der ONG „OGBL Solidarité Syndicale“ ass Lëtzebuergerin, a gläichzäiteg d’Directrice vum Projet an Déng Uspriechpartnerin. Du schaffs also net alléng an engem frieme Land bei frieme Leit, ma enk mat engem Landsmann zesummen.

Aarbechtszäiten: Di proposéiert Aarbechtszäite si vu Méindes bis Freides vun 9:00 – 12:00 a vun 14:30 – 18:30

(an emol de Mount Samstes Mëttes). D’Zäite kënnen awer no Ofsproch och flexibel gehandhabt ginn.



Profil du volontaire: Du hues méi wéi 18 Joer

Du bass bereed, mat Leit aus benodeelegte Bevëlkerungsschichten an aus enger ganz anerer Kultur ze schaffen

Du bass flexibel an opp, Dech mat neien Erfahrungen auserneen ze sëtzen an draus ze léieren

Du kenns Dech mat « new social media » aus

Du schreifs fléissend lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch

Du hues Basiskenntnisser am Spueneschen

Tâches du volontaire: An deene verschiddene Beräicher aushëllefen an eis Ekip begleeden (Assistante Sociale, Psychologue, Economist, Affekot), je no Déngem Intérêt a Kënnen

Eis Participant’en an individuellen Themen ënnerstëtzen (kulturellen Austausch, Hausaufgabenhëllef, Sproochcoursen, Begleedung op Dokterbesich, etc.), je no Bedürfnis an Déngem Intérêt/Kënnen

Texter iwwersetzen

Internetsäite vum Projet geréieren (Facebook, Blog, Newsletter, etc.)

Audiovisuellt Material ausschaffen

Creator: