Digital Assistenten bréngen vill Froe mat sech

Et klengt ze absurd, fir wouer ze sinn, mä et ass wierklech geschitt: een Noriichtespriecher huet an den USA dofir gesuergt, datt zeg Leit sech ouni et ze wëllen Poppenhäiser bestallt hunn. Iert dir iech elo ze vill iwwert déi komesch Geschicht wonnert: Dat ganzt war d‘Schold vum digitalen Assistent „Amazon Alexa“, deen an der Form vum Amazon Echo-Gerät schonn an villen Wunnengen an den USA steet. An enger Reportage iwwert een klengt Meedchen, dat sech mat esou engem Amazon Echo-Apparat hannert dem Réck vu sengen Elteren een Poppenhaus an Kichelcher bestallt hat, huet den Noriichtespriecher gesot „Ech fannen et immens wéi dat klengt Meedchen seet ‚Alexa huet mir een Poppenhaus bestallt‘“. D‘Echo-Geräter fänken automatesch un, no engem Befehl ze lauschteren, wann een „Alexa“ seet – dofir sinn dann och ganz vill Bestellungen fir Poppenhäiser bei Amazon agaangen.

Nieft Alexa vun Amazon gëtt et Siri vun Apple, Cortana vu Microsoft an Assistant vu Google als digital Assistenten. Während Siri a Cortana nach just um Computer oder Smartphone lafen, gëtt et Alexa an Assistant schonn als kleng Geräter mat Mikroen an Laustspriecher ze kafen, mä et ass domadder ze rechnen, datt Apple a Microsoft nozéien. Dës kleng Boxen sinn ëmmer online an lauschteren déi ganzen Zäit no. Et kann een einfach mat engem Sproochkommando e Lidd spillen, de Wecker stellen, Noriichte liesen, Smart Home-Geräter steieren an bei Amazon Echo natierlech och op Amazon akafen. Nach gëtt et Amazon Echo an Europa just op enger Waardelëscht, mä et ass domadder ze rechnen, datt dës Geräter 2017 och den europäesche Marché erueweren wäerten.

photo cc-by Rick Turoczy

Et sollt een sech allerdéngs gutt iwwerleeën, ob een wierklech esou een digitalen Assistent brauch. Net nëmmen, well et eben sou Geschichten wéi déi mam Noriichtenspriecher ginn, mä och aus Datenschutz-Grënn. Am Amazon Echo sinn siwen Mikroen verbaut, déi all Sprooch-Kommando héieren sollen. Allerdéngs sinn dës ëmmer un, de User huet keng Kontroll doriwwer, wat den Apparat ophëlt an zum Beispill zu Testzwecker un Amazon weiderschéckt. Och fir Biirgerrechter stellen sech komplizéiert Froen, wann d‘Police zum Beispill d‘Opnahmen vun engem Alexa-Gerät konfiskéiert, fir een Verbriechen opzeklären. Dat kënnt nämlech enger Hausduerchsuchung gläich, déi esou einfach guer net gemaach dierf ginn.

Et ginn elo schonn eng ganz Rëtsch Fuerderungen, wéi zukünfteg Assistenten kéinten ausgesinn, fir datt se d‘Privatsphär vun de User net ze vill verletzten. Zum Beispill kéint et méiglech sinn, een Schalter un d‘Geräter ze bauen, mat deenen d‘Mikroen op „aus“ gestallt kéinte ginn, wann een d‘Gerät grad net brauch. Bis d‘Hiersteller op esou Fuederungen reagéieren oder esouguer Gesetzer erauskommen, déi digital Assistenten reglementéieren, kann een vun deene Geräter éischter ofroden. Op mannst sollt een sech den Asaz gutt iwwerleeën an d‘Gerät un eng Multiprise ustiechen, déi een mat engem Kippschalter einfach ausschalte kann.

Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu

Quellen:

https://www.heise.de/newsticker/meldung/Amazon-Echo-Nachrichtensprecher-loest-Massenbestellung-aus-3591039.html?wt_mc=rss.ho.beitrag.rdf

https://www.aclu.org/blog/free-future/privacy-threat-always-microphones-amazon-echo

https://www.amazon.de/dp/B01GAGVCUY/ref=fs_dop

http://www.businessinsider.de/amazon-echo-google-home-microsoft-cortana-apple-siri-2017-1?r=US&IR=T

https://www.theguardian.com/media-network/2016/nov/21/siri-echo-google-home-digital-assistants-future-office

Creator: