DJ Pipa’s vs Jessy K

DJ‘ing aus dem Jugendhaus Clausen
E Kollektiv vun DJ‘en dee sech am Jugendhaus Clausen fonnt huet a fir di beschte Stëmmung a Musek an de Beräicher EDM an Electro suergt. No hirem leschten Optrëtt am Melusina kommen se op den On Stéitsch fir iech ze weisen dass se als jonk Kënschtler eng mega drop hunn.

DJ Pipas
Säit sengem 14ten Liewensjoer ass de Philippe passionéierten DJ a Museksspezialist. Hien trainéiert wéi verréckt seng Skills an Techniken an huet ëmmer déi neiste Museken aus de Beräicher House, Pop an Electro fir seng Nolauschterer parat.

Jessy K
16 Joer jonk gëtt JessyK schonn als groussen Newcomer an der lëtzebuergescher Electronic Dance Music Szene betitelt. Säin Idol ass säit sengem 5te Liewensjoer den David Guetta an hatt well mat senger Musek d’Leit zesumme bréngen an dofir suergen dass se ee gléckleche Moment mat him deelen.