Ee Joer méi fir d’Twinerg

D’Twinerg, d’Gas-Turbin-Anlag zu Esch, kann op mannst ee Joer laang weider funktionéieren. Wat duerno passéiert ass awer nach net kloer.

(Copyright Foto: Twinerg)

D’Belsch huet déi Escher Gas-Turbin-Anlag dëse Weekend offiziell an hir strategesch Reserv  fir d’Stroumversuergung 2015-2016 opgeholl. Den entspriechenden Arrêté royal, gouf vum belsche Kinnek ënnerschriwwen. De Kontrakt tëscht Twinerg an ELIA, dem Bedreiwer vum belsche Stroumnetz, ass och an dréchenen Dicher.

Eng weider Decisioun am Wanter

An enger éischter Phase war allerdéngs gehofft ginn, datt d’Anlag fir zwee Joer kéint an déi strategesch Reserv integréiert ginn. Firwat et dozou lo net komm ass, krut Twinerg net vun de belschen Autoritéite preziséiert.

De Marc Lauwers, Gérant vun der Anlag, mengt awer, et kéint domat ze dinn hunn, datt et am Réseau vun der belscher Stroumversuergung de Moment eng Rei Ännerunge ginn. D’Atomkraaftwierker Doel 3 an Tihange 2 gi rëm un d’Netz an de belsche Réseau wäert an Zukunft och besser Verbindunge mat Däitschland an Holland hunn.

Wéinst den nidderegen Energie Präisser, war d’Twinerg net méi rentabel an hat riskéiert elo am Oktober zouzemaachen.

Am Wanter decidéiert d’Belsch lo ob eng weider Réserve stratégique fir 2016-2017 néideg ass.

AUDIO

De Marc Lauwers um Mikro vum Carole Schimmer

http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2015-11-02-cs-PC12-Lauwers-Twinerg.mp3

 

Creator: