Eleng op Vältesdag?

Muer Dënschden ass et erëm esou wäit: Vältesdag, den Dag vun den Verleiwten. Eis begéinen op Schratt an Tratt Häerzen an Rousen. Fir Leit, déi Single sinn, ass dat am kale Februar net onbedéngt eng besonnesch flott Zäit. Ween nach net dee richtege Partner fonnt huet, versicht säi Gléck vläicht iwwert eng vun de ville Dating-Apps, déi um Marché sinn. Do ginn et awer e puer Saachen, ob déi een oppassen sollt.

Dating-Apps sinn definitiv am Trend, egal ob se Tindr, Okcupid , Badoo oder nach ganz aneschters heeschen. De Virdeel ass natierlech, datt een bei der Sich no der richteger Persoun net komplett op den Zoufall ugewissen ass. Et kann een online schonn eng gewëss Virauswiel treffen, déi een beim traditionellen Wee an engem Café oder enger Disko net huet. Et sollt een online awer och net ze liichtgleeweg sinn. Op villen Flirtportalen an a villen Dating-Apps ginn et nämlech eng Rëtsch Fake-Profiler, déi versichen, d‘User ze manipuléieren. Engersäits kann et sinn, dat versicht gëtt, är perséinlech Donnéeën ze klauen oder iech mat häerzzerräissenden Geschichten dozou ze bréngen, där anerer Persoun Suen ze ginn. An Extremfäll kann et esouguer dozou kommen, datt Leit vun hiren Flirt-Partner erpresst ginn. Wat dir maache kënnt, fir méi sécher online ze flirten an ze daten, gitt dir am BEE SECURE Factsheet zum Thema E-Dating gewuer. Mä och bei den Apps selwer gëllen déi bekannten Sécherheetsreegelen: Sicht iech een Passwuert, dat sécher an eenzegaarteg ass an op mannst iwwer 12 Charakteren laang ass. Do, wou et méiglech ass, sollt dir och ëmmer déi doubel Authentifizéierung aschalten. Wann dir een Usernumm fir ären Account op enger Dating-Plattform sicht, huelt am beschten een, deen dir soss néirens benotzt. Sou ass et fir är Kontakter net méiglech, är aner Online-Accounts einfach ze fannen an dir sidd ee klengt Stéck méi anonym.

Wann sech zwee Mënschen online fannen, ass de Reiz, Intimitéiten auszetauschen, dacks ganz grouss. Am Fong schwätzt näischt géint „Sexting“, esou laang jiddereen deen drun bedeelegt ass, volljäreg an domadder averstanen ass. Mä och hei ginn et Geforen, dofir sollt een sech gutt iwwerleeën, wat fir Fotoen een wiem schéckt. Virun allem dann, wann een sech net ganz sécher ass, wien déi aner Persoun genee ass – da kéint et nämlech sinn, datt een mat de Fotoen erpresst gëtt. Grondsätzlech kann alles, wat fir iwwert den Internet un eng aner Persoun schéckt, an déi falsch Hänn geroden. Et lount sech also, sech ze iwwerleeën, ob een onbedéngt Fotoe vu sech verschécke wëll. Vill weider Informatiounen zu Sexting an de Geforen fannt dir an eisem groussen Sexting-Dossier op bee-secure.lu.

Creator: