Eng Popp als Spioun

Et klengt e bëssi wéi aus engem schlechten Film mat Geheimagenten: Eng Popp am Kannerzëmmer, déi a Wierklechkeet eng Wanz, also een Instrument fir ze Spionéieren ass. Leider ass deen Szenario awer net aus dem nächsten James Bond-Film, mä Realitéit. An dat zanter 2014. Esou laang gëtt déi „smart“ Popp mam Numm „My friend Cayla“ nämlech schonn verkaaft. Elo ass se an Däitschland allerdéngs verbuede ginn, an dat vun der däitscher „Bundesnetzagentur“. Dat ass déi Verwaltung, déi sech ëm d‘Regulatioun vu Frequenzen këmmert an sech meeschtens mat illegalen Mini-UKW-Radiosenderen beschäftegt.

Wisou hunn se elo eng Popp verbueden? Déi ganz Geschicht huet een Droit-Student aus Saarbrecken, den Stefan Hessel an d‘Rulle bruecht. Hien huet méi oder wéineger aus Zoufall rausfonnt, datt d‘Cayla duerch seng Features net dem däitschen Gesetz entsprécht. No dem däitschen „Telekommunikationsgesetz“ ass d‘Popp nämlech eng „verbotene Sendeanlage“. Wisou ass dat esou? Déi smart Popp léisst sech per Bluetooth mat engem Handy verbannen, do ginn et dann e puer Features. Vill dovunner brauchen keng Internetverbindung, zum Beispill een Fotoalbum. Mä déi spannendst Features vun der Popp, nämlech mat hir ze schwätzen an hir Froen ze stellen, funktionéiere just, wann se mam Internet verbonnen ass.

An genee hei ass de Problem: D‘Popp wéisst net onbedéngt, wéini datt si Sprooch ophëlt. Et kann een sech also ni zu 100 Prozent sécher sinn, ob d‘Popp am Zëmmer net grad een Gespréich opgeholl an dat op een Server geluet huet. En plus ass et potentiell méiglech, d‘Bluetooth-Verbindung zwëschen Smartphone an Popp – an domadder eben och Gespréicher – ofzelauschteren. Déi Verbindung ass nämlech net verschlësselt. Et ginn beim Cayla och keng Sécherheetsmoossnahmen wéi zum Beispill een Passwuert. An: D‘Cayla ass eng Popp. Also näischt, wouvunner een erwaarde kéint, datt se eppes ophëlt, dofir gëllt se elo als illegal „Abhöranlage“. D‘Bundesnetzagentur wëll dann elo och aner „smart“ Spillsaachen ënnersichen.

Ass d‘Cayla dann een Eenzelfall? Jo a Nee. Engersäits ginn et aner Spillsaachen, déi besser Sécherheetsmesuren hunn. Sou kann d‘“Hello Barbie“ just dann Toun ophuelen, wann een Knäppchen gedréckt gëtt – et ass also net méiglech, Leit domadder auszespionéieren. An anerersäits ginn et enorm vill Geräter, déi zum sougenannten „Internet of Things“ gehéieren, déi Sécherheetsproblemer hunn. Ech erënneren iech zum Beispill un déi sëllech Iwwerwaachungskameraen an Videorekorderen, déi Deel vun engem Botnetz gi sinn. Och wann d‘Cayla zu Lëtzebuerg nach net verbueden ass: Iert dir iech also esou vernetzt Geräter kaaft, sollt dir iech gutt informéieren! Ech recommandéieren iech d‘Lecture vum Internet of Things-Dossier op bee-secure.lu

 

Quellen:
Bundesnetzagentur
jurpc
heise

Creator: