Folterstaat USA

Zenter kuerzem ass bekannt, mat wat fir enge grujelege Methode CIA, Leit gefoltert huet.
Dëse Rapport liest sech ewéi d’ “Malleus Maleficarum” an dach ginn et nach  zenséiert Plazen déi wuel souguer der CIA ze schlëmm, oder esouguer ze Mënschenonwierdeg waren.

Enner anerem goufen d’Affer vun der Folter mat haarder Musik dauerbeschallt, kruten Äisduschen, goufe gewiergt, op Schloofentzug gesat bis se gefuebelt hunn an rektal zwangsernährt.
Alles  Doten déi een esou nëmmen vun de schrosten Diktature kennt. An dach, goufen se net vun enger Diktatur duerchgefouert mä  vun engem Land dat sech demokratesch nennt. E Land wat sech selwer “The land of the free and the home of the brave” nennt. D’Jonkpiraten froen sech, wei een déi schänterlech Dote mat enger Demokratie ka vereenegen.
Mir fäerten och elo, datt dei ganz Affär ënnert den Teppech gekiert gëtt a bezweifelen, datt et fir ee Verantwortlechen do ee  Nospill wärt  ginn. Weder fir déi Leit déi d’Folter ausgefouert hunn, nach fir déi Leit, déi se guttgehalen hunn. Héchstens ee Baurenaffer wärt et ginn, wann den Drock vun anere Länner ze grouss gëtt.

A genau dat dote wëlle mir verhënneren. Et geet net duer einfach ze soen, datt een dat Allerhand fend. Neen, et muss elo gehandelt ginn.
Lëtzebuerg,  d’EU an all anert Land dat sech ziviliséiert nennt, muss elo mat der Fauscht op den Dësch schloe fir kloer ze maachen, datt Folter am  21. Jorhonnert näischt méi ze sichen huet. Hei mussen et Konsequenzen  ginn! Sanktioune fir e Land, dat hei kloer Mënscherechter mat Féiss trëppelt ënnert dem Deckmantel vun der Nationaler Sécherheet.

D’Jonkpiraten fuerderen dofir:

Den direkte Stopp vun allen Verhandlunge mat dem Folterstaat USA. Datt all Verantwortleche viru Gericht gestallt gëtt. D’USA virum Internationale Geriichtshaff wéinst Mënscherechtsverletzung ugeklot gëtt.

“Et ass einfach traureg an net ze gleewen, datt et am 21. Jorhonnert ënnert de Länner déi sech selwer als Demokratesch bezeechnen, nach Folter existéiert. Leider schéngt hei d’USA awer am Mëttelalter hänke  bliwwen ze sinn. Dat ass einfach nëmmen onwierdeg vis-à-vis vun der Gesellschaft” sou de Sam Grüneisen,zoustännegen fir Aussepolitik vun de Jonken Piraten.

( Image Source: https://www.flickr.com/photos/shriekingtree/5055338562/in/photostream/ )

Creator: