Geféierlech Fracht

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Thema, dat am Fong schonn an Vergiessenheet gerode war, elo awer zu néier Aktualitéit komm ass. Riets ass vun sougenannte Makro-Viren. Dat sinn keng riseg Krankheetserreger, mä Schuedprogrammer, mat deenen äre Computer zu Zombien an engem Botnetz oder dir erpresst kënnt ginn.

Mä kommt mir fänke vu vir un: Ee Makro, datt ass am Kontext vu Word oder Excel een klengt Stéck Programmcode, dat engem Aufgaben, déi ëmmer erëm ufalen, ofhuele kann. Fir vill User huet déi Funktioun awer keng Bedeitung. Duerch d’Méiglechkeet, Programmcode an engem Word-Dokument anzeschleissen, gouf d’Makro-Funktioun een Ziel vu Kriminellen. Déi hunn dann Trojaner oder Viren am Makro-Code verstoppt. Sou krut een dann eng Email mat engem Dokument geschéckt, an esoubal een dat opgemaach huet, ass de Makro-Code inklusiv Virus aktiv ginn. Allerdéngs ass d’Makro-Funktioun haut am Word an am Excel standardméisseg ausgeschalt. Domadder war een also der Meenung, et géif sech net méi lounen, fir trucéiert Word- oder Exceldateien per Mail ze verschécken.

Allerdéngs schéngen net nëmme verschidden Accessoiren aus den 90er Joer an Welt vun der Moud een Comeback ze hunn, mä eben och d’Makro-Viren. Haut muss den User d’Makro-Funktioun selbstänneg aktivéieren. Dat mécht een natierlech net bei engem obskure Mail. Dofir ginn d’Texter vun deene Mails ëmsou méi raffinéiert. Entweder et ginn Emailkonten gehackt an all d’Kontakter aus dem Adressbuch kréien eng Mail, sou datt een mengt, et hätt een vun enger bekannter Persoun een Fichier geschéckt kritt.

Hei ass een Modell vun engem Virus op engem Computer geland. An der Realitéit sinn Viren leider net sou harmlos. (CC-BY Enric Martinez)

Vill Gaunere versichen och, hir Maile wéi eng Rechnung ausgesinn ze loossen. Den Text gesäit dann dacks esou aus, wéi wann een sech tommele misst, fir keng Mahnung ze kréien. Ween der Meenung ass, hie géif eppes wichteges verpassen, aktivéiert och séier emol een Makro.

Da kann et awer sinn, datt den eege Computer verschlësselt gëtt an een erpresst gëtt, fir datt en erëm entschlësselt gëtt oder datt den Computer sech an een Zombie verwandelt, dee vun de Gaunere ferngesteiert Spam-Maile verschéckt.

Wéi kann een sech do virdru schützen? Als éischt ass et wichteg, de Virenscanner ëmmer aktuell ze halen. Da kann een verdächteg Dokumenter mat Open- oder LibreOffice opmaachen, well d’Makro-Viren meeschtens op Microsoft Office-Programmer ausgeluecht sinn. Am beschten ass et awer, just Dokumenter opzemaachen, déi een wierklech ugefrot huet oder am Zweifelsfall einfach nach eng Kéier bei där Persoun nozefroen, déi engem d’Mail geschéckt huet.

Weider Informatiounen zu dem Thema fannt dir wéi gewinnt op bee-secure.lu

Creator: