Geschwënn ass Safer Internet Day!

Een wichtegen Dag am Kalenner vu BEE SECURE ass den Safer Internet Day, deen all Joer am Februar gefeiert gëtt. Dëst Joer wäert dat den Dënsden, den 7. Februar sinn. Den Safer Internet Day ass een weltwäiten Aktiounsdag. Dëst Joer steet en ënnert dem Motto „Be the change: Unite for a better internet“, also: Sief de Changement, dot iech zesummen fir een besseren Internet! Et geet also dorëmmer, Positivbeispiller vu gudde Communities an Beispiller vun sécherer Internetnotzung ze sammelen an sech doriwwer auszetauschen.

D’Zieler vum Safer Internet Day sinn, d’Bewosstsinn fir d’Thema „sécher Internetnotzung“ ze förderen an Kanner, Jugendlechen, Elteren an Pädagoge mat Informatiounen an prakteschen Tuyauen ze ënnerstëtzen. Ausserdeem sollen déi verschidden Akteure wéi Institutiounen oder Firmen op nationalem an internationalen Niveau zesummen eng weltwäit Campagne duerchféieren. Um Safer Internet Day sollen dann och d’Medien an Ëffentlechkeet speziell op d’Thema „sécher Internetnotzung“ sensibiliséiert ginn.

Matmaache ka jiddereen – egal op Privatpersounen, Firmen, Schoulklassen, Schoulen, Jugendhaiser oder aner Organisatiounen. An och bei den Aktivitéiten sinn ärer Fantasie keng Grenzen gesat. Et kann een zum Beispill einfach just op den Safer Internet Day opmierksam maachen, an deem s dat een Affichen ophänkt oder Banneren op seng Websäit schalt. Méi interessant sinn natierlech déi Aktivitéiten, déi Leit zesummen bréngen, wou déi eppes léieren oder sech iwwer sécher Internetnotzung austausche kënnen. Dat kéint zum Beispill een Workshop iwwert Emailverschlësselung sinn, oder eng Diskussiounsronn zum Thema Hate Speech am Internet. Soss kënnen och Eltrenowender oder Virträg organiséiert ginn – all Iddi ass wëllkomm an je méi kreativ se ass, ëmsou besser. Ween sech um Safer Internet Day zu Lëtzebuerg wëll bedeelegen, fënnt all d‘Informatiounen dozou op bee-secure.lu .

Dir kennt awer och selwer aktiv ginn, wann dir keng Iddi fir een Evenement hutt! An dat, an deem s dir Kollegen an Famill op den Safer Internet Day opmierksam maacht. Dat geet iwwert den Service „Thunderclap“, deen zu engem bestëmmten Zäitpunkt automatesch fir iech op twitter oder facebook post an sou eng gemeinsam Well vun Tweets an Posts lassléisst. D’Hashtags fir den Dag sinn #SID2017 an #SaferInternetDay. Informatiounen dozou fannt dir op saferinternetday.org .

Den 7. Februar ass et esou wäit, et ass also nach eng gutt Woch Zäit, sech eng Aktioun ze iwwerleeën. Den Programm fir Lëtzebuerg an de Kontaktformular fannt dir op bee-secure.lu. Do ginn och alleguerten déi ugemellten Aktivitéiten verëffentlecht. D‘nächst Woch wäert ech iech an dësem Podcast de Programm en detail virstellen.

Creator: