Gilwellcamp am August 2020 an der Schwäiz

Léif Chef a Cheftainen,

Wéi s du et villäicht weess, fënnt dëst Joer nees e Gilwellcamp statt. De Gilwell ass eng fakultativ a perséinlech Formatioun fir all Chef iwwer 20 Joer, deen de STAP gemaach huet an es nach net genuch huet…

Dëst Joer fuere mir op Buchs (St. Gallen ) an d’Schwäiz, wou mir eis vum 22. bis den 29. August mam Thema “Haltung vum Chef” befaassen. Donieft ginn et eng Partie sportlech a kulturell Aktivitéiten an der Schwäiz an am Liechtenstein a mir bereeden eis Kandidaten op de Woodbadge vir.

Kuck dir de Flyer am Annexe un a schéck Äre Leit e gär virun. Umeldungen a weider Infoe ginn et bis den 31. Mäerz per – Mail beim Marc Weis: marc.weis@vo.lu
– oder op eiser facebook-Säit: “Join The Gilwell Experience”

Lénks Patt a bis geschwënn

d’Gilwell-Ekipp

Gilwell Badge eroflueden

Gilwell Flyer eroflueden

Creator: