GROW Luxembourg

Lëtzebuerg as ee vun 9 Siten fir d’Missioun Klima vu GROW. Matt Hellef vun 1000 Capteuren a mobilen Technologien sollen intresséiert Bierger, Gärtner a Bauren d‘Méiglechkeet kréien Buedemparameter wéi Fiichtegkeet an Temperatur ze moossen, hir Biedem besser kennenzeléiren an déi erhuewen Daten ze deelen an ze notzen. GROW get vun 19 Partner an 9 Länner gedroen a vum europäesche Programm Horizon 2020 finanzéiert. D‘Visioun as en Citizen Science Observatoire iwwert de Buedem an d‘Klima an Europa.

GROW an der PRESS.

Reportage RTL

D‘Buedemmiessungen déngen de Wessenschaftler fir Satelitendaten ze validéiren, d‘Klimamodeller ze verbesseren an de Klimawandel a säin Effekt op eis Kulturen an eis Biedem z’iwwerwaachen. Extrem klimatesch Evenementer wéi Drëcheperioden oder Iwwerschwemmungen kennen sou besser virausgesot gin an des Informatiounen si wichteg fir eis Landnotzungsformen an Ubaumethoden dem Klimawandel unzepassen, fir genuch a gesond Nahrung ze produzéiren, an fir eis Biedem nohalteg ze schützten.
Jiddereen dee bei der Klimawandelmissioun vu GROW mattmecht kritt gratis Buedemfiichtegkeetssensoren fir op sain Terrain, eng WIss, e Bongert, e Feld, e Wengert oder e Besch. GROW bitt ausserdeem online Couren un iwwert de Buedem an Daten an et get e GROW Forum fir Froen ze stellen.

Mellt iech wann der Froen hutt oder intresséiert sitt hei zu Letzebuerg mattzemaachen:
grow@cell.lu
Karine Paris: 691737699/ Tania Walisch: 621700716

Grow observatory
Future Learn (online courses)
Video online

Creator: