Gutt Virsätz fir dat neit Joer

Mam néie Joer huelen sech vill Leit gutt Virsätz. Déi eng wëlle méi Sport maachen, déi aner méi liesen – oder awer eng Diät maachen oder manner streiden. Mä och d‘Technik sollt een bei de gudde Virsätz net vergiessen. Dofir kucke mir haut iwwert déi wichtegst Virsätz, déi dir iech fir 2017 huele sollt.

Vill vun iech hate wahrscheinlech een neit Gerät ënnert dem Beemchen léien. D‘Freed ass dacks grouss an et géif een déi nei Spillsaach am léifsten direkt ausprobéieren. Allerdéngs sollt een als éischt d‘Astellungen iwwerpréiwen, grad wat d‘Privatsphär ugeet. Ween zum Beispill een Fitness-Aarmband geschenkt krut, sollt d‘Tracking-Funktioun dovunner esou astellen, datt net déi ganz Welt gesäit, wou een grad joggen geet.

De Joeresufank ass och eng gutt Geleeënheet, fir sech Gedanken iwwert sécher Passwierder ze maachen. Op keen Fall sollt een fir verschidden Servicer déi selwecht Passwierder benotzen. Een Passwuert sollt méiglechst eenzegaarteg, iwwer 14 Zeechen laang an schwéier ze eroden sinn. Am Beschten ass et, Zifferen an Sonnerzeechen ze benotzen. Well keen sech sou vill a laang Passwierder mierke kann, bidd sech d‘Benotzen vun engem Password-Manager wéi 1Password, KeePass oder LastPass un.

Och Backups sollten op ärer Lëscht vun de gudde Virsätz fir dat neit Joer stoen. Festplatten kënnen verluer oder futti goen, de Laptop, den USB-Stick oder den Handy kënnen geklaut ginn. Et gëtt keen Datenträger, deen 100%eg Sécherheet bidd – alleng schonn, well all Gerät mat Malware infizéiert ka ginn. Et lount sech also, reegelméisseg Backups ze maachen, entweder op eng extern Festplack oder – verschlësselt – an der Cloud. Et ginn Backup-Manager, déi déi Aufgab vereinfachen, zum Beispill Areca Backup oder Synchronicity.

Een aneren wichtegen Virsatz fir dat neit Joer ass d‘Verschlësselung. Wann dir een Android oder Mac-Apparat hutt, ass d‘Verschlësselungsfunktioun schonn agebaut. Ënner Windows musst dir eng extra Software wéi zum Beispill VeraCrypt benotzen, fir är Festplack ze verschlësselen. Domadder verhënnert dir, datt Leit, vun deenen dir dat net wëllt, un är Donnéeë komme kënnen, zum Beispill wann äert Gerät geklaut sollt ginn. Et kann een awer net nëmmen eng Festplack verschlësselen, mä zum Beispill är Messagen. Dir kënnt iech zu dem Thema eisen Artikel zu sécheren WhatsApp-Alternativen duerchliesen oder een Tutorial zur Email-Verschlësselung PGP ukucken.

Een gudden a ganz einfachen Virsaz kann och sinn, um Laafenden ze bleiwen. Liked also BEE SECURE op Facebook, abonéiert eise Podcast, followt eis op twitter an kuckt regelméisseg op bee-secure.lu laanscht!

Creator: