Jobs: Attaché(e) parlementaire

Attaché(e) parlementaire

Luxembourg City, Luxembourg · Sensibilité politique

 

Description

Missioun

Als parlamentareschen Attaché ass Är Missioun fir eis Deputéierten bei hirer parlamentarescher Aarbecht am Alldag z’ënnerstëtzen.

Aufgaben

Är Aarbecht ëmfaasst ënnert anerem:

Schreiwe vu parlamentaresche Froen: Suivi vun der Presse, offiziellen Dokumenter, Biergerufroen, … Schreiwe vu legislativen Texter : Gesetzespropositiounen, Amendementer, Motiounen, … Analyse a Schreiwe vun Notten iwwert aktuell Projeten an der Chamber an Themefelder déi op der Dagesuerdnung stinn. Treffen mat Acteuren vum Terrain fir sech e bessert Bild iwwert d’Situatioun vun alle Säiten ze maachen an esou eng besser legislativ Aarbecht z’ënnerstëtzen. Organisatioun a Participatioun u Konferenzen: Organisatioun an Duerchféierung vu Konferenzen zur politescher Bildung Analyse vum Staatsbudget a Redaktioun vun Notten a Recommandatiounen Verschidden administrativ Tâchen Requirements Dir identifizéiert Iech mat de Grondprinzipien vun de PIRATEN Dir hutt Kenntnisser an e Verständnis vun der nationaler an internationaler Politik an hirem Kader Dir beherrscht déi dräi offiziell Landessproochen a Schrëft a Sprooch sou wéi Englesch. Dir kennt Iech aus mat de gängege Computer-Programmer a wësst wéi een sozial Netzwierker benotzt, Kenntnisser vun OpenSource Office-Programmer ass vu Virdeel. Dir hutt Organisatiounstalent, kënnt Texter fräi schreiwen an hutt en Equippegeescht Apply for this job
Creator: