Kongress de 16. Oktober 2019

Léif Guiden a Scouten,
léif Cheftainen a Cheffen,

Dëst Scoutsjoer feiert de Grupp Saint Paul Bieles säi 75 Joer Bestoen. Dofir si mir frou iech um Kongress begréissen ze däerfen.

Kongress
De Kongress ass ee Mëttwoch den 16. Oktober am Artikuss zu Zolwer. (KUSS, Kultur- a Spotszentrum, Rue Jean Anen L-4413 Soleuvre (Zolwer)

Gare Bieles-Zolwer ass op 400 Meter vum Artikuss ewech an a 5 Minutten zu Fouss ze erreechen. Wann dir awer mam Auto kommt, da fannt dir um Site vum Kultur- a Sportzentrum verschidde Parkinge mat genuch Parkplazen.

Vun 18:00 Auer kënnt dir op eisem flotten After Work eppes Guddes drénken an e gudde Maufel iessen, éier et um 19:30 mam offiziellen Deel lassgeet.

Mir freeën eis
Mat beschten Guiden a Scoutsgréiss
Bieleser Guiden a Scouten

 

Umeldung fir de Kongress

Creator: