Lobbyregësteren zu Lëtzebuerg

Mir wollte vum Premierminister wëssen, ob d’Regierung Wëlles huet en Lobbyregister ze Lëtzebuerg fir d’Exekutiv anzeféieren.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

D’Kreatioun vu Lobbyregësteren ass e vill diskutéiert Thema an der EU. Warend Irland schonn zanter 2015 e Lobbyregëster huet, gëtt aktuell an Daitschland souwuel um Niveau vum Bundestag wéi och vun de Landtagen iwwert d’Aféiere vun engem Lobbyregëster fir méi Transparenz debattéiert. Eng Majoritéit vun Deputéierten aus dem Europaparlament huet sech rezent fir méi staark Transparenzregelen am Kontakt mat Lobbyisten op EU-Niveau ausgeschwat.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

Huet d’Regierung virum Hannergrond vun enger Transparenzsteigerung vir, nach an dëser Legislaturperiod e Lobbyregëster anzeféieren? Falls jo, wéi géif dëse Projet konkret ausgesinn a bis wéini géif e realiséiert ginn? Hâr Minister, wat schwâtzt géint e Lobbyregëster fir d’Exekutiv?Ass d’Regierung gewollt een ëffentlech zougânglechen Agenda ze publizéieren, an deem d’Treffen tëscht Regierungsmemberen an externen Acteure festgehale ginn?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

PDF-Versioun vum TextHerunterladen PDF-Versioun vun der Äntwert Herunterladen
Creator: