Maison relais Krounebierg – Party and fun @ Krounebierg

‘‘Wëllkomm an eiser sensationeller, spektakulärer grousser Kroune-show‘‘, esou huet et de 16. Juni 2016 am Kulturhaus zu Miersch geheescht.

38 Kanner aus der Maison relais Krounebierg hu verschidden Dänz a Lidder op der grousser Bühn fir hir Elteren opgefouert.

Während e puer Wochen hu sie matt vill Freed a Spaass geprouft, an hir Choreographien astudéiert woufir et ee groussen Applaus vum Publikum gouf.

Mir si stolz op eis kleng Star‘en.

 

 

Cet article Maison relais Krounebierg – Party and fun @ Krounebierg est apparu en premier sur Inter-Actions.

Creator: