Muer ass Safer Internet Day 2017!

Muer Dënsden, den 7. Februar, ass et esou wäit: Et ass Safer Internet Day. De Safer Internet Day ass ee weltwäiten Aktiounsdag, deen all Joer vun Insafe organiséiert gëtt. Insafe ass ee Netzwierk vun Safer Internet Zentren, wéi zum Beispill BEE SECURE zu Lëtzebuerg. Dëst Joer steet den Safer Internet Day ënnert dem Motto „Be the change: Unite for a better internet“, also: Sief de Changement, dot iech zesummen fir een besseren Internet!

D’Zieler vum Safer Internet Day sinn, d’Bewosstsinn fir d’Thema „sécher Internetnotzung“ ze förderen an Kanner, Jugendlechen, Elteren an Pädagoge mat Informatiounen an prakteschen Tuyauen ze ënnerstëtzen. Ausserdeem sollen déi verschidden Akteure wéi Institutiounen oder Firmen op nationalem an internationalen Niveau zesummen eng weltwäit Campagne duerchféieren. Um Safer Internet Day sollen dann och d’Medien an Ëffentlechkeet speziell op d’Thema „sécher Internetnotzung“ sensibiliséiert ginn. Mä wat leeft dann dëst Joer genee zu Lëtzebuerg?

Et sinn eng ganz Rëtsch Aktivitéiten geplangt, ugefaangen mat enger Pressekonferenz vu BEE SECURE. Do gëtt de Medien net nëmmen den Safer Internet Day an d‘Aktivitéiten virgestallt, mä och den Joeresbericht vu BEE SECURE gëtt präsentéiert. Owes ginn et dann zwee BEE SECURE-Eltrenowender, nämlech zu Greiweldéng an am Atert Lycée zu Reiden un der Attert.


Eng Formatioun fir Professioneller aus dem Jugendsektor bitt den No Hate Speech Movement un, dat den Donneschden 9. Februar 2017. Ennert dem Thema „Hate speech vs. Liberté d‘expression“ gëtt iwwert déi aktuell Jurisprudenz zum Thema Hate Speech am Internet referéiert. Freides, den 10. Februar bréngt de Radio ARA eng Radiossendung vun der Medienklasse aus dem Lycée Michel Rodange zum Thema Safer Internet Day. Um Enn vum Mount, nämlech den 22. Februar, gëtt et dann déi bekannten DigiRallye, wou honnerte Kanner aus Maison Relais‘en aus dem ganzen Land mat Hëllef vun Experimenter iwwert déi nei Medien an sécher Internetnotzung opgeklärt ginn.

De ganzen Programm mat allen Detailer zu all den Aktivitéiten fannt dir op bee-secure.lu

Dir kennt awer och nach den Dag selwer aktiv ginn an deem s dir muer Kollegen an Famill op den Safer Internet Day opmierksam maacht. Dat geet zum Beispill iwwert den Service „Thunderclap“, deen zu engem bestëmmten Zäitpunkt automatesch fir iech op twitter oder facebook post an sou eng gemeinsam Well vun Tweets an Posts lassléisst. D’Hashtags fir muer sinn #SID2017 an #SaferInternetDay. Informatiounen dozou fannt dir op saferinternetday.org .

Zu gudder Lëscht kënnt dir BEE SECURE och op facebook an twitter liken respektiv followen. A wien ëmmer nach net genuch vum Thema Sécher Internetnotzung huet, ka muer de ganzen Dag BEE SECURE-Podcasts am Archiv op podcast.bee-secure.lu lauschteren. Weider Informatiounen zum Thema an de ganze Programm fannt dir op bee-secure.lu/sid

Creator: