Nei Mataarbechterin um Siège vun der EGMJ: Valérie Ricciardi

Säit Ufank Mee gëtt d’Administratioun vun der EGMJ verstäerkt duerch eis nei Mataarbechterin Valérie Ricciardi.

Déi ganz Equipe freet sech op eng gutt Zesummenaarbecht! Am folgende kuerzen Text stellt si sech selwer vir:

Gudde Moien,

Säit dem 2. Mee schaffen ech bei der EGMJ aus Gestionnaire Adminstratif.
Ech sinn ausgebilten Grafikerin an hunn bis elo am Liewensmëttelhandel geschafft.
Et war fir mech elo un der Zäit mir een neien Defi an Ziel ze ginn.

Mat grousser Freed schaffen ech elo fir dës Associatioun déi sech em Jugendstrukturen këmmert. Ech wäert op jiddefalls méin Bescht ginn fir d’Team beschtméiglech  ze  ënnerstëtzen an meng laangjäreges Erfarung aus Grafikerin wäert der Entente och « visuel » deen néidegen Päpp mat op den Wee ginn.

Ech freeën mech op all nei Erausfuerderung.

Bescht Gréiss.

Valérie Ricciardi

Tél: 26 29 32 35

The post Nei Mataarbechterin um Siège vun der EGMJ: Valérie Ricciardi appeared first on Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes.

Creator: 
Image: