Onglécklech duerch den Internet?

Haut, den 20. Mäerz gëtt den Weltglécksdag gefeiert. Dat ass keen erfonnten Dag, mä deen ass offiziell vun der UNO an d‘Liewen geruff ginn. Dat, fir drop opmierksam ze maachen, datt Wuelstand net nëmmen materiell ass. Mir kucken zu dem Ulass mol ob déi Saachen, déi eis am Internet glécklech oder onglécklech maachen.

Vill social media-Säiten si sou gestallt, datt een just positiven Feedback kritt. Sou gëtt een zum Beispill net gewuer, wann een op Facebook d‘Frëndschaft gekënnegt kritt oder wann op twitter een engem net méi followt. Trotzdem verbanne vill Leit negativ Gefiller mat soziale Medien. An enger Ëmfro huet d‘Softwarefirma Kaspersky erausfonnt, datt déi meescht Mënschen sech wéinst nervegen Reklammen, Entfrëndginn a Partien, op déi si net agelueden waren, schlecht an de soziale Netzwierker fillen. Aner Grënn ware Posts iwwer Politik an d‘Gefill, déi aner Leit hätten ee bessert Liewen wéi ee selwer.

Eng chinesesch Etude huet dogéint erausfonnt, datt vill Leit, déi am Alldag éischter onglécklech sinn, versichen hir emotional Bedierfnesser am Internet ze erfëllen. Et wier awer onkloer, op dat Glécksgefill sech och an d‘reellt Liewen mathuelen kéint loossen.

Wien ëfters ustrengend Diskussiounen an de soziale Netzwierker feiert, sech iwwert den Zoustand vun der Welt Suerge mécht oder soss duerch den Internet onglécklech ginn ass, sollt sech iwwerleeën, eng Paus ze maachen. Natierlech sinn Spadséieren goen, Frënn treffen oder e gutt Buch déi bescht Méiglechkeeten, fir fort vun de schlechte Gedanken an dem Stress op social media ze kommen. Ween awer just kuerz Zäit fir eng Paus huet, kann eng Websäit wéi calm.com oder thequietplaceproject.com besichen. Do fënnt een verschidden Methoden, fir „rofzekommen“ oder esouguer ze meditéieren.

Zumindest einmal am Tag ist nicht alles schlecht“ ass de Motto vom Blog „365 Gute Dinge“. Do fënnt een all Dag eng positiv Noriicht, de Projet ass och op Facebook ze fannen. Ween sech léiwer léif Deieren ukuckt, kann mol op de Blog ZooBorns.com kucken. Do gëtt et nämlech vun sou gutt wéi all Deirenzort Bébésfotoen aus Zooen vun der ganzer Welt. Zu gudder Läscht hunn ech dann nach een Tipp, deen iech längerfristeg glécklech maache wäert: browsehappy.com ass een Site, deen dozou reit, een modernen, upgedateten Browser ze benotzen. De Site wéisst eng Auswiel vun sou Browsern un, fir d‘Entscheedung méi liicht ze maachen. Domadder wënschen ech iech eng ganz glécklech Woch, weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu

Quellen:

un.org: International Day of Happiness

stern.de: Warum Social Media manche Menschen unglücklich macht

Does psychological need satisfaction perceived online enhance well-being?

Creator: 
Image: