Fir Elektroautoen ze bauen, brauch ee leeschtungsstaark Batterien. Fir dës Batterien ze baue brauch ee seele Metaller wéi Lithium oder Kobalt. Dës Metaller ofzebauen ass awer bedenklech, wann ee weess, dass den Ofbau aktuell weder ökologesch nach mat sozial héije Aarbechtstandards am EU-Ausland verbonnen ass. Aus dësem Grond hunn d’Piraten de Ministere fir Energie, Ëmwelt a Mobilitéit eng parlamentaresch Fro zu der aktueller Produktioun vun Elektroautosbatterië gestallt.
Doduerch, dass een fir d’Batterien ze bauen selte Metaller wéi Lithium oder Kobalt braucht, mussen dës a Länner ausserhalb der EU ofgebaut ginn. Dëst ass awer bedenklech, wann ee weess dass den Ofbau vun deene Metaller aktuell net ökologesch an och net sozial ass.
Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:
A sengem RTL-Interview vum 19ten Januar 2019 huet den Här Energieminister iwwert d’Kontroverse bei der Produktioun vu Batterien, déi bei Elektroautoen aktuell zum Asaz kommen, geschwat. Effektiv erkläert hien am Laf vun dësem Interview, dass aktuell un engem neien EU-Gesetz geschafft gëtt, fir d’Batterien esou ëmweltfrëndlech wéi méiglech kënnen ze produzéieren. No deem Gesetz sollen an Zukunft d’Batterien zu 100% recycléiert ginn. Des Weidere sollen d’Metaller an de Batterien an Zukunft propper an duerch sozial héich Aarbechtstandards ofgebaut ginn, woubäi den Här Minister och eng méi streng Kontroll vu Kanneraarbecht erwäänt. Dës Aussoe loossen Zweiwel un der Ëmweltfrëndlechkeet an Ethik vun der aktueller Produktioun vun Elektroautoen opkommen. Virun dësem Hannergrond erschéngt déi ugekënnegt Primm vu 5000€, déi scho bei dësem Autosfestival soll zum Asaz kommen, aus ökologescher a ethescher Perspektiv zweiwelhaft.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Mark
Député