Réckbleck op eis Joresofschloss-Party

D’EGMJ seet all hire Memberen, Benevollen, Partner a Frënn ewéi och der Jugendhaus Schëffléng ASBL an der JUKI Kielen ASBL e grousse Merci fir eng onvergiesslech Joresofschloss Party, de 5. Dezember um Siège vun der Entente.

https://www.facebook.com/Jugendhaus-Kehlen-1645884768956689/
http://www.schefflenger-jugendhaus.lu

Bei der Begréissung huet d’Presidentin Gitty Ley, am Numm vun der ganzer EGMJ, de benevolle Memberen ee grousse Merci ausgeschwat, an hinnen ee Certificat als Unerkennung fir hiren onermiddlechen Asaz fir d’Jugend iwwerreecht.

D’Equipe vun der EGMJ huet iwwerdeems zwou grouss Iwwerraschungen annoncéiert:

Dat neit Qualitéitsmanagement-Handbuch, wat als Konzept d’Aarbecht vun der EGMJ beschreift gouf virgestallt an de Gäscht iwwerreecht. Adaptatiounen goufen et engersäits um Niveau vun der Organisatiounsbeschreiwung, fir deenen aktuelle personellen a strukturellen Ännerungen bäi der EGMJ Rechnung ze droen. Eng wichteg Upassung ass och d’Integratioun vun de Missioune vun der EGMJ, déi zesumme mam MENJE ausgeschafft gi sinn. Iwwerdeems sinn déi neisten Erkenntnisser a Punkto Ëffentlechkeetsaarbecht, Personalféierung a allgemeng Gestioun, aus der rezenter Enquête zum Thema: > mat agefloss.

Déi zweet Iwwerraschung ass dann nach de ganz neien Internet-Site vun der EGMJ. De Site ass net nëmme méi frësch an iwwersiichtlech, mee ëmfaasst och dee Contenu, dee fir d’Membere vun der EGMJ relevant ass. Am beschten dir erlieft en selwer, wéi gewinnt ënnert: egmj.lu

Fannt hei Impressioune vun dëser besonnescher Soirée:

Der Beitrag Réckbleck op eis Joresofschloss-Party erschien zuerst auf Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes.

Creator: