Save the date: Séminaire fir d’JugendaarbechterInnen den 18. Mee 2017

Organiséiert duerch de Service Jeunesse vum MENJE gemeinsam mat der EGMJ (Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes) fënnt den 18. Mee 2017 de ganzen Dag ee Séminaire spezifesch fir Jugendhaus-MataarbechterInne statt:
“Jonker duerch e Verännerungsprozess begleeden – Wou fänkt d’Transitioun un a wou hält se op”

Niewent der theoretescher Betruechtung vu Jonken an Transitiounsprozesser (Bsp: Inaktivitéit a Jonker ouni Arbecht) wäert ganz vill Geleeënheet fir ee gemeinsamen Austausch zwëschen de Jugendhaiser an 3 themateschen Aarbechtsgruppen do sinn:

Gespréichsféierung/Berodung, opsichend Jugendaarbecht an non-formal Jugendaarbecht sinn alldeeglech Aarbechtsmethoden an de Jugendhaiser, an deene Verännerunge stattfanne kënnen. Wéi kënnen si gezilt agesaat ginn?

W.e.g. notéiert iech scho mol den Datum, déi konkret Ausschreiwung is coming soon.

The post Save the date: Séminaire fir d’JugendaarbechterInnen den 18. Mee 2017 appeared first on Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes.

Creator: 
Image: