Schwätzend Katzen an aaner Hoaxes

De Samschden war den 1. Abrëll – een Dag, wou Falschmeldungen näischt ongewéinlches sinn. Vill Medien a Firmen maachen sech ee Spaass dorausser, hir Lieser an den Abrëll ze schécken. Leider kurséieren am Netz ganz vill Falschmeldungen – sougenannt Hoaxes. Déi sinn dacks just dofir do, fir Panik ze verbreeden. Mir kucken eis dofir haut e puer aktuell Hoaxes méi genee un.

Em eng Katz, déi schwätze kann, geet et beim „Talking Tom“-Hoax. Et ginn och aaner Nimm benotzt, nämlech Talking Angela an Talking Ginger. Et geet ëm eng App, wou een sech mat engem virtuellen Charakter, eben den Talking Tom oder d‘Talking Angela ënnerhaale kann. Et gëtt behaapt, „Talking Tom“ géif vun engem Pädophilen bedriwwen ginn, an et kéint een dem seng Emrëss an de Pupillen vun der virtueller Katz entdecken. D‘App géif de Kanner och intim Froen iwwert hier Hierkonft an hier Bezéiungen stellen. Dat ass natierlech alles zimmleche Blödsinn. D‘App ass eng Spaß-App, déi natierlech net vun engem Pädophilen bedriwwe gëtt an och keng perséinlech Donnéeë späichert. Allerdéngs gëtt et een Kanner-Modus. Wann deen ausgeschalt ass, stellt d‘App och méi „erwuessen“ Froen. Zum Beispill, wéi d‘Frendin oder de Frend heeschen. Well deen Kanner-Modus relativ einfach durch deen Klick op een Symbol ausgeschalt ka ginn, kann dat och onabsichtlech passéieren. Doranner ass wahrscheinlech den Ursprong vun dem Hoax ze fannen.

Hoaxes ginn am Moment gären per Facebook-Statusmeldung oder per WhatsApp-Kettenbréif gedeelt. An iwwert WhatsApp handelt och een méi aalen Hoax, deen am Moment erëm néien Opschwong kritt. Riets ass vun der angeblecher „Gold Versioun“ vun WhatsApp. Emmer erëm kënnt dat Gerücht op, et géif eng geheim, gëllen Versioun vun WhatsApp, déi speziell Funktiounen sollt hunn. Och dat ass natierlech Kaabes. Et gëtt just eng Versioun vun WhatsApp, an dat ass déi, déi dir an deenen offiziellen Appstores erofluede kënnt. Op keen Fall sollt dir eng WhatsApp-Versioun vun enzwousch aaneschters installéieren, well et sech bei sou Versiounen gären ëm Malware handelen kann.

Wéi kann een dann elo Hoaxes erkennnen? Hoaxes kommen ëmmer ouni seriéis Quell. Dacks sinn sech an engem paneschen, alarmisteschen Tounfall geschriwwen. Et gëtt een och ëmmer opgefuedert, den Text weider ze verbreeden. Op Säiten wéi Mimikama.at oder Snopes.com kënnt dir esou gutt wéi all hoax fannen. Soss hëlleft och ëmmer eng Sich nom Schema „Stéchwuert Hoax“. Falschmeldungen speziell iwwer Flüchtlingen ginn op hoaxmap.org entlarvt.

Wéider Informatiounen zum Thema Falschmeldungen am Internet fannt dir an eisem Dossier zu dem Thema op bee-secure.lu

Creator: 
Image: