Sefik Culum

D’Lëtzebuerger Jugendherbergen traueren ëm hire Mataarbechter, den Sefik Culum, deen eis virun e puer Deeg fir ëmmer verlooss huet.  Wéi och vill aner Mënschen huet de Sefik Mëtt der 90er Joeren seng Heemecht missen zréckloossen an ass als Flüchtling aus dem Kosovo op Lëtzebuerg komm. Hei ukomm huet et awer net laang gedauert, bis hien sech integréiert an bei eis eng fest Aarbechtsplaz als Nuetswiechter fonnt huet. Dëst Joer am Mee haten mir dann d’Freed mat him seng 20 Déngschtjoeren bei eis ze feieren. 20 Joer, an deenen hien mat senger Zouverlässegkeet, Hëllefsbereetschaft, Häerzlechkeet an immenser Loyalitéit ee feste Bestanddeel vun eiser internationaler Équipe war an eng virbildlech Aarbecht geleescht huet. De Sefik war de Meeschter vun der Deseskalatioun. Hien huet an der Stater Jugendherberg all grouss a kleng Problemer duerch seng Frëndlechkeet an Héiflechkeet roueg a respektvoll geléist an et esou guer net zu engem Konflikt komme gelooss. Merci fir alles, Sefik. Mir wäerten nach laang un dech denken.

Creator: