Special Effects – Spektakulär Wëssenschaft (weekend de spécialisation)

Op der Veillée taucht d’Hex an enger Dampwollek op, a mixt en Zaubertrank deen dämpt, an d’Faarf wiesselt. Duerno verschwënnt se an enger riseger Stéchflam –
Hanner dësen Effekter stécht meeschtens e wëssenschaftlechen Trick! Op dësem Weekend teste mir Experimenter déi och deng Animatioun zu engem Spektakel man! Zousätzlech kriss du eng ganz Reih Hannergrond- a Secherheetsinfoën déi ee fir sou Inszenéierunge brauch.