Staatsbudget 2016: Kritik vun Oppositioun a Sozialpartner

Mir kommen eisem Zil d’Staatsfinanzen ze sanéiere méi no, Kaddoe kann d’Regierung awer net verdeelen. Dat war dem Finanzminister säi Message, wéi en gëschter de Staatsbudget 2016 presentéiert huet. D’Reaktioune si gemëscht.

De Finanzminister presentéiert de Staatsbudget 2016 (Copyright Foto: SIP/Charles Caratini)

Staatsschold vu Lëtzebuerg bleift mat 11 Milliarden Euro weider héich; den Defizit soll d’nächst Joer bei 630 Milliounen Euro leien. De Finanzminister Pierre Gramegna seet, datt d’Spuermesuren, déi d’läscht Joer annoncéiert goufen duergi fir d’Staatsfinanzen an den Equiliber ze bréngen. An, seet de Pierre Gramegna: “Et gëtt kee Grond fir déi Spuermesuren net ze maachen, well wa mir dat géifen zeréckdréien da géife mer rëm an d’Scholdespiral kommen”. Déi gutt Noriicht, sou de Finanzminister, wier datt keng zousätzlech Mesurë misste geholl ginn.

Fir Staatsfinanzen ze sanéiere misst d’Wirtschaft weider wuessen. D’Regierung wëllt dofir d’nächst Joer méi investéieren: déi staatlech Investitioune klammen ëm 300 Milliounen Euro op 2,2 Milliarden.

“E neit Standbee beim Sozialstaat”

Am meeschten investéiert d’Regierung an zousätzlech Staatsbeamte – d’nächst Joer sollen 750 nei Leit beim Staat agestallt ginn – Ronn d’Hallschent dovun Enseignanten. Vill gëtt och an den Transport investéiert, zum Beispill an den Tram, oder de neien Arrêt ënnert der rouder Bréck.

Déi dräi Fraktioune vun der Majoritéit ënnersträichen, et wier e Budget vun der Solidaritéit, deen och Accenten am soziale Beräich setzt. Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry mécht drop opmierksam, datt déi sozial Ausgaben am Lëtzebuerger Budget am europäesche Verglach “sécherlech e Rekord” géifen ausmaachen, zemools well d’nächst Joer mat de staatlechen Hëllefe bei de Loyeren “e neit Standbee beim Sozialstaat” zu Lëtzebuerg géif bäikommen. Dës Loyerssubventioun géif virun allem de Leit mat klengen Akommes zu gutt kommen, sou den Alex Bodry.

D’Reaktioune bei der Oppositioun

Mat där  Ausso, ass den David Wagner vun Déi Lénk net averstan. Vun de Subventiounen op de Loyere géife virun allem d’Proprietäre profitéieren, seet hien. Allgemeng géife virun allem d’Betriber ginn, an net d’Populatioun entlaascht, mengt de David Wagner, deen dovun ausgeet, datt dat och fir déi zukënfteg Steierreform wäert gëllen. “Wann de nominalen Taux op 15% erofgesat gëtt, da gëtt u sech aktéiert, datt d’Betriber an d’Kapital ëmmer manner besteiert ginn”, sou den Députéierte vun Déi Lénk.

Den ADR-Députéierte Gast Gibéryen seet et géif dem Land wuel wirtschaftlech besser geet, mee d’Spuermesurë vun der Regierung géingen sech weider op d’Gesellschaft auswierken. “Mir wëssen datt den Zukunftspak d’nächst Joer mat 300 Millioune soll zouschloen, datt d’Famillen an d’Gesellschaft 300 Milliounen Euro manner kréien. De Finanzminister huet zwar festgestallt datt et ville Leit schlecht geet, mee hien huet keng Mesurë genannt wéi hien d’Situatioun vun de Concernéierte wéilt redresséieren”, sou den ADR-Deputéierten.

Bei der CSV heescht et,  d’Regierung géif sech ze vill op der international Entwécklunge verloossen. Den CSV- Fraktiounschef Claude Wiseler seet: “Ech stelle fest, datt d’Regierung mat hire Chiffren op eng weltwäit economesch positiv Entwécklung tabléiert. Dat ass natierlech vill Vertraue ginn an déi weltwäit Economie. Ech sinn awer der Meenung, datt den Opschwong am Moment nach fragil ass, mat ganz déiwe Pëtrolspräisser, mat engem bëllegen Euro, mat enger Evolutioun a China déi net evident ass. Just dorobber tabléieren heescht datt een e grousse Risiko hëlt”, sou de Claude Wiseler.

D’Reaktioune bei de Sozialpartner

Och de Patronatsverband UEL, ass der Meenung, datt déi international Wirtschaftssituatioun sech demnächst kéint verschlechteren. “D’Croissance ass eng gutt Saach, mir freeën eis driwwer, dat soll och sou laang wéi méiglech halen. Mee mir mengen awer datt déi Situatioun sech wäert änneren an éischter verschlechteren”, seet de Generalsekretär vun der UEL, Nicolas Henckes

D’Staatsbeamten-Gewerkschaft CGFP begréisst datt de Staat weider Leit wëll astellen. Manner gutt fënnt de CGFP-Generalsekretär Romain Wolff, datt kéng weider Detailer iwwer déi geplangte Steier-Reform annoncéiert goufen. “De Finanzminister huet gemengt, dat géif vun der Evolutioun vun de Chiffren ofhänken, dat heescht et kann eng Reform ginn. Oder et kann eng ‘Refërmche’ ginn, wann dat Ganzt sech an déi falsch Richtung géif entwéckelen”, sou de Romain Wolff.

Déi zwou aner grouss Gewerkschafte LCGB an OGBL wëllen de Budget fir d’éischt méi genee analyséieren, éier si Stellung bezéien. D’Chamber hëlt de Budget elo am Detail ënnert d’Lupp geholl. Am Dezember da soll de Budget an der Chamber gestëmmt ginn.

AUDIO

Den Dossier vum Rick Mertens

http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2015-10-15-rm-DOS-Budget-2016.mp3
Creator: