UPDATE – Native Village – COVID19

Léif Guiden, Scouten a Frënn vum Native Village Neihaischen,

De Virus COVID 19, deen di ganz Welt de Moment an eng Kris stierzt, huet natierlech och sein Afloss op vill Aktivitéiten vun der Ekipp Native Village. Mir sinn eis bewosst, dass keen de Moment viraus soen kann, wéi déi Kris sech weider entwéckelt. Natierlech hale mir eis eis och un d’Empfehlungen an d’Décisiounen, déi d’Regierung hellt, fir des Kris ze managen. D’Gesondheet vun eis all huet de Moment absolut Prioritéit, an duerfir wësse mir nach net, wéini mir eis Guiden- a Scoutsaktivitéiten um Site Native Village erem lancéiere kennen.

Fir der aktueller Situatioun gerecht ze ginn an fir d’Zäit no der Corona-Pandemie esou lues virzebereeden, huet d’Ekipp Native Village – no Recksproch mam Verband – folgend Décisiounen geholl:

All LGS-Aktivitéiten, déi bis den 15. Juli 2020 um Site Native Village virgesinn waren, ginn ofgesot. Dozou gehéieren de Bealtaine-Festival, verschidden Aktivitéiten fir lokal Gruppen, den Naturdag fir Wëllefcher, de BiberMUD, an de Formatiounsweekend „ Wat Boma a Bopa nach wossten“. An der Summervakanz waren keng Aktivitéiten am Kader vum Native Village geplangt.

 

Weider Informatioune fannt dir a folgendem Bréif:

Bréif Native Village 04/2020

Creator: