Articles from BEE SECURE :: Podcast

List | Trash | RSS

Néi Trends beim Facebook-Messenger

Mat 1,3 Milliarden User ass de Facebook-Messenger de meeschtbenotzen Messenger op der Welt. Ähnlech vill User huet just Whatsapp. Déi App gehéiert mëttlerweil zwar och zu Facebook, léisst sech awer nach ëmmer ouni Facebook-Account benotzen. Nieft chatten kann een mam Messenger och Video-Telefonéieren, Sproochnoriichten, Fotoen, Dateien asw. verschécken. An den USA kann een esouguer mam Messenger bezuelen.

Eng nei Zort vun Malware: Kryptominer

Dir hutt sécher schonn vun Kryptowärungen héieren. Déi bekanntsten ass Bitcoin, déi jo am Dezember vum läschte Joer eng richteg Aachterbunnfahrt vis-à-vis vum Dollar higeluecht huet. Een vun de Grënn, wisou vill Leit op déi virtuell Währung opmierksam gi sinn. Een aneren ass, datt déi meescht Kryptowärungen – et ginn der mëttlerweil eng Hellewull – quasi aus dem Näischt erschaffe kënne ginn. Amplaz vu Banken gëtt et nämlech een dezentralen System, un dem sech all User bedeelegen kënnen.

Wat ass een seriéisen Medium?

D‘Fro, wat fir Medien een selwer seriéis fënnt, ass net ëmmer immens einfach ze beäntwerten. Souguer Medien, déi ëffentlech-rechtlech sinn, hunn heiansdo eng „Carte blanche“ fir Leit, déi dës Tribün benotzen, fir allerlee Kabes ze erzielen. Och Facebook stellt sech elo déi Fro. Dëst am Kontext vun den US-Präsidentenwahlen vun 2016.

Spectre a Meltdown

Zanter dem Joerswiessel gëtt et grouss Opreeung an der IT-Welt. Dir hutt sécher schonn dovunner héieren, riets ass natierlech vun den Bugs, déi de Numm „Spectre“ an „Meltdown“ kritt hunn. Betraffen sinn bal alleguerten déi modern Computer. De Problem läit nämlech dorunner, wéi modern Prozessoren d‘Informatiounen verarbeschten. Kuerz erënnert: De Prozessor ass d‘Häerzstéck vun all Computer, deen een sech als grouss Rechenmaschinn virstelle kann.

Gutt Virsätz fir dat néit Joer

An, sidd dir gutt an dat néit Joer eragerëtscht? Hoffentlech hat dir e puer flott Feierdeeg an hutt mat deenen gefeiert, déi iech am wichtegsten sinn. Vläicht louch ënnert dem Bam jo och dat een oder aanert elektronescht Gerät. Dat wier e gudde Moment, fir e puer gutt Virsätz mat an dat néit Joer ze huelen. Mä och wann dir kee neien Laptop oder Handy geschenkt krut, kënnt dir iech gutt Virsätz huelen fir 2018 méi sécher am Internet ënnerwee ze sinn.

Internet of Kadoen

Dir hutt sécherlech scho vum „Internet of Things“ héieren, also den Internet vun de Saachen. Domadder ginn am Fong Geräter benannt, déi sech mam Internet verbanne kënnen. Dat kënne Webcams sinn, Steierunge fir d‘Heizung, den Öffner fir d‘Garage, Spillsaachen oder sougenannt digital Assistente wéi den Alexa vun Amazon oder de Google Assistant.

Iwwerwaachungsdonnéeën aus der Cloud geleaked?

Keen vun eis gëtt gären iwwerwaacht. An dach geschitt et – wahrscheinlech all Dag, bei allem wat mir sou am Internet maachen. Zanter de Revelatioune vum Edward Snowden kenne mir eis am Fong relativ sécher sinn, datt mir zu all Moment kéinte vun engem amerikanesche Geheimdéngscht iwwerwaacht ginn. Mä wat geschitt, wann déi Donnéeën, déi esou een Geheimdéngscht sammelt, un d‘Ëffentlechkeet geroden? Esou ee Fall gouf et elo.

Dramberuff Instagram-Model?

Instagram ass een vun deene beléiftste sozialen Netzwierker, virun allem bei Jugendlechen. An Éisträich sinn et zum Beispill 65 Prozent vun de Jugendlechen, déi Instagram benotzen, méi wéi zum Beispill Facebook. Och zu Lëtzebuerg wäert d‘Situatioun ganz ähnlech ausgesinn. Natierlech vernetzt een sech op der Foto-Plattform net nëmmen ënnereneen, mä abonnéiert och Stars a Blogger. Déi beschäftegen sech dacks mat Theme wéi Fitness, Moud, Lifestyle, Ernärung, asw.

Pages