Articles from BEE SECURE :: Podcast

List | Trash | RSS

De neie Smartphone sécher maachen

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut wëll ech mat iech iwwert äre néie Smartphone schwätzen. Wahrscheinlech louch esou een Apparat bei net wéinege vun iech ënnert dem Beemchen. Och wann dir ären Handy scho bësse méi laang hutt, sou stellt sech dann ëmmer d’Fro, wéi sécher déi Donnéeë sinn, déi op ärem Gerät gespäichert sinn. Dofir maache mir haut den Sécherheetscheck fir Android-Smartphones. Déi meescht Tipps gëllen awer och fir d’Geräter vun Apple.

Joresréckbléck 2015

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut kucke mir zesummen op 2015. Wéi all Joers huet een d’Gefill, d’Zäit wier séier vergaangen, dofir ass et sécher eng gutt Iddi, d’ BEE SECURE-Joer nach eng Kéier Revue passéieren ze loossen. Am éischte BEE SECURE vun 2015 huet d’Anne eis iwwert seng gutt Virsätz fir dat néit Joer erzielt an eis Apps gewisen, déi engem dobäi hëllefe kënnen, sou gutt Virsätz och anzehalen an den „inneren Schweinehund“ an de Grëff ze kréien.

Geféierlech Fracht

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Thema, dat am Fong schonn an Vergiessenheet gerode war, elo awer zu néier Aktualitéit komm ass. Riets ass vun sougenannte Makro-Viren. Dat sinn keng riseg Krankheetserreger, mä Schuedprogrammer, mat deenen äre Computer zu Zombien an engem Botnetz oder dir erpresst kënnt ginn.

Gedeelt Freed, gedeeltent Leed

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir nach eng Kéier iwwert Cloud. Ech hat iech déi aktuell Campagne vu BEE SECURE, den Clever Cloud User, jo schonns virgestallt. Mä haut wëll ech da méi genee op een vun deene wichtegsten Themen an der Cloud agoen. Nämlech dem Deelen oder op englesch: Sharing.

Richteg läschen

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Thema, dat am Fong ganz simpel kléngt, mä et awer guer net ass. Riets ass dovunner, Donnéeën ze läschen. Normalerwéis probéiere mir jo, eis Donnéeë gutt ze versuergen an ze backupen, mä heiansdo ass et néideg, se gutt ze läschen. Sou zum Beispill, wann et drëms geet, een ale Computer ze verkafen oder ewechwerfen.

BEE CREATIVE!

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech ausnahmsweis mol net iwwert Problemer, déi een mat Computern, Smartphones oder dem Internet kann hunn. Haut geet et nämlech iwwert d’Méiglechkeet, selwer kreativ mat Technik ëmzegoen.

BEE SECURE huet nämlech säit e puer Deeg offiziell eng Schwesterinitative. Déi nennt sech BEE CREATIVE an huet zum Ziel, Jonker zu Lëtzebuerg op eng spilleresch Aart a Weis bäizebréngen, mat Technik ëmzegoen.

Liest däin Handy deng SMS?

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut geet et ëm eng Sécherheetslück, déi zwar nach net bei eis akut ass, mä et awer gi kéint. Et soll 18.000 Apps fir Android ginn, déi d’Méiglechkeet hunn, är SMSen auszespionéieren. D’Saach ass nämlech déi: Wann een Apps fir Android programméiert, schreift een net ëmmer all Deel vum Programmcode selwer. Dat wier ze opwänneg, an dofir ginn et sougenannt Software Development Kits, ofgekierzt SDK. Lo gëtt et awer een sou een SDK, deen heescht Taomike. Am Fong ass deen dofir do, fir Reklammen unzewéisen an In-App-Akeef ze reegelen.

Mam Kapp an der Cloud?

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert Cloud, déi och Thema vun der aktueller BEE SECURE-Kampagne ass. Dir sollt also net den Kapp an de Wolleken hunn, mä clever Cloud User ginn. Mä komm mir fänke vu vir un: Wat ass d’Cloud iwwerhaapt?

Wat sinn Copyright an Creative Commons?

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert Copyright. Dat ass een Thema, dat eis am Internet stänneg begéint an dat zimlech komplizéiert ass. Fréier, wou déi meescht Medien nach analog waren, war dat mam Copyright méi einfach: fir eng Kopie ze maachen, huet een een physesche Support wéi zum Beispill een Tounband gebraucht. Dementspriechend war et och méi schwiereg, eng illegal Kopie ze maachen. Haut gi vill Medien digital verbreed, an et kascht quasi näischt, fir eng Kopie ze maachen.

Pages