Articles from BEE SECURE :: Podcast

List | Trash | RSS

Stagefright

Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Haut schwätzen ech vun engem Sécherheetsproblem, deen Android-Geräter betrëfft. Android ass een Betriebssystem, dee vu Google entwéckelt ginn ass an op enger Hellewull vun Handyen an Tableten leeft.

Alternativen zu WhatsApp

Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. De Messenger WhatsApp war schon dacks Thema bei BeeSecure, grad well en duerch sellech Schwachstellen ëmmer erëm an d’Gespréich kennt. Obwuel dës Schwachstellen bekannt sinn, ass Whatsapp nach ëmmer immens populär.

Back to School: Zesumme schaffen

Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Lo ass d’Schoul erëm amgaangen an och op villen Unie geet et an deenen nächste Wochen erëm lass. Nieft dem klassesche Léiere wäerten der vill vun iech och erëm mat Gruppenaarbechten a Presentatioune kämpfe mussen. Wann een sech zu e puer Leit fir eng Aarbecht oder Presentatioun koordinéiere muss, kann dat nawell stresseg sinn. Ech stellen dofir haut e puer Tools fir, déi iech d’Zesummeschaffe méi liicht maachen, esou datt dir iech besser op d’Inhalter vun ärer Ausbildung konzentréiere kënnt.

Een Backup vun der Vakanz


Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Dës Woch geet fir déi meescht Leit d’Schoul erëm un. Dofir kucke mir haut nach eng Kéier op d’Vakanz zeréck. Ween eng Rees hannert sech huet, huet dobäi wahrscheinlech och Fotoe gemaach. Erëm doheem ukomm ass dann och de richtege Moment, fir sech Gedanken doriwwer ze maachen, wat een elo mat deene mécht an wéi een verhënnert, datt d’Vakanzenerënnerungen verschwannen oder an déi falsch Hänn geroden.

Ech paacke meng Valiss an huele … mat

Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Lo huet d’Vakanz bal fir jiddereen ugefaangen. Dat ass virun allem eng Zäit, fir de Summer ze genéissen, vläit och fir aner Länner an Stied kennenzeléiren. Mä dobäi sollte mir eis Sécherheet net vergiessen, an esou sollt een sech fir d’Vakanz mat engem Smartphone speziell preparéieren. 

D´Enn vum Roaming?

Moien, hei ass de Joël vu Bee Secure. Ech schwätzen iech haut iwwert een Thema, dat eis all Summer beschäftegt, mä an net all ze laanger Zäit wäerte mir et ganz vergiesse kënnen. Riets ass vum Roaming. Roaming, datt sinn déi Tariffer, déi dir am Moment musst bezuelen, wann dir ären Handy am Ausland benotzt, sief dat fir ze telefonéieren, SMSen ze schreiwen oder mobilen Internetaccess ze benotzen.

Barrierefrech?

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Haut lafe mer e klengen Hindernisparcours. Maacht kuerz är Aen zou an stellt iech fir, dir sidd an engem Restaurant mat Frënn, dir freet iech op e gutt Iessen an drénkt e leckere Cocktail. Kuerz ier de Plat do ass, wëllt dir nach eng Kéier kuerz frësch maache goen an musst feststellen, dass et ongemittlech gëtt. Dir kommt nämlech net bis bei d´Toilette. Dir musst verdéischt iwwert eng Mauer klammen, iwwert déi der ouni friem Hëllef iwwerhaapt net driwwer kommt.

Pages