Articles from BEE SECURE :: Podcast

List | Trash | RSS

Die Abenteuer der kleinen Anne

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Ech war die ganz läscht Woch op enger abenteuerlecher Reess. Duerch digital Welten an duerch d´Welt vun der Wessenschaft. Ech hunn nämlech dierfen un der re:publica 2015 zu Berlin deelhuelen an hunn e ganze Koup Ideen am Gepäck, déi d´Zännrieder an ärem Denkapparat stimuléiren. Ech muss se selwer eréischt mol verschaffen, well et sinn der eng jett.

Fir dass E-Banking iech net deier ze stoen kennt

Salut, hei aus d´Anne vu BEE SECURE. (Haut ouni Stemm, well des sech kuerz verflüchtet huet, d´Anne schafft awer drun, se erem ze erlaangen.)

Wéi tréi BEE SECURE Follower secherlech matkritt hunn, steet am Moment E-Banking am Fokus vu eiser Campagne “Clever Klicken”. E-Banking gett vu ville User dagdeeglech benotzt, well et Zuelungsvirgäng erliichtert a bequem an séier vun doheem aus gema ka ginn. Des Bequemlechkeet heescht awer längst net, dass een sech op all Systemer verloosen kann an net méi selwer en Aan op d´Secherheet vun den eegenen Donnéen muss haale.

Wann d’Revanche sech revanchéiert…

Salut, hei ass d’Anne vu BEE SECURE,

am Volleksmond heescht et, Revanche wier séiss. Dass se dat net ëmmer ass, huet lo en jonke Mann eraus dierfe fannen, deen eng Plattform geschafen huet fir dass anerer sech online rächen kennen. Sai Geschäftsmodell huet aus en

Telefonitis

Salut, hei ass d’Anne vu BEE SECURE.

Ech hu mäin Job hei ënner anerem gär, well ech bei der Recherche ëmmer rëm op Ongeahntes stoussen. Bei der Sich no fun facts iwwer Smartphones hunn ech beispillsweis elo en gewëssen Här Klages kennegeléiert.

Keng gefaketen Realityshow

Salut, hei ass d’Anne vu BEE SECURE,

Ech war grad déi éischt 5 Minutten vu mengem Liewen op youknow.com. Et wäerten wuel och déi läscht 5 Minutten bleiwen. An zwar net nëmmen, well ech mech wéi eng Bomi fillen. Ech fille mech zwar mat mengen 27 Joer net wéi eng al Schank, mee ech sinn definitiv opmannst 10, wann net 15 Joer méi al, wéi en groussen Deel vun deenen Younower, déi ech elo grad gesinn hunn.

Waarm Loft oder Léift?

Salut, hei ass d’Anne vu BEE SECURE.

Jidderee sicht se an fënnt se heinsdo op genee där Plaz, op där en am mannsten domat gerechent hätt. Jo, ech schwätze vun der grousser Léiwt. Witzegerweis hunn grad ech, meng éischt grouss Léiwt am Opnahmestudio vu Radio Ara getraff.

Ideeën-Ernte

Salut, hei ass d’Anne vu BEE SECURE.

An schon ass en erëm eriwwer. Den perséinlechen Nationalfeierdag vu BEE SECURE. Dese Dennschden hunn all d’Safer Internet Zentren weltwait de Safer Internet Day gefeiert an vill verschidden Aktivitéiten zum Thema „Gemeinsam für ein besseres Internet“ ugebueden.

Pages