Articles from BEE SECURE :: Podcast

List | Trash | RSS

Kemmer dech em deng Saachen!

Salut, hei ass d’Anne vu BEE SECURE.

Wéi schon am leschten Podcast annoncéiert, huet den 28.Januar en Dag stattfonnt, deen eigentlech fir all User, en Nationalfeierdag an e Gedenkdag glaichzaiteg sollt sinn. De Mettwoch war nämlech den Data Privacy Day. Säit 2007 gëtt dësen Dag all Joer genotzt fir un d’Akraafttrieden vun der Europäescher Dateschutzkonventioun an d’Wichtegkeet vum Schutz vun eisen Donneen ze erënneren.

Den Dag vun den Deeg

Salut, hei as d’Anne vu BEE SECURE.

Fir alles wat wichteg ass, gëtt et en Dag am Joer. Zum Beispill fir Joggingsboxen, fir Schokola an natierlech och fir Internetsecherheet. Dementspriechend fënnt den sougenannten Safer Internet Day 2015 nächste Mount, also den 10.Februar statt. D’Thema vun dësem Joer ass „Gemeinsam für ein besseres Internet“.

Wéieng Afaarw hun deng Kolleegen?

Salut, hei ass d’Anne vu BEE SECURE.

Wéi vill interesséiert dir iech eigentlech fir Trends? Wann ëm dat geet, wat grad in, out oder schonn ze oldschool ass, muss ech meeschtens verdéischt mol bei duckduckgo de Sichbegrëff aginn. Déi Sich ergëtt dann oft, dass rëm iergendeen, deen net vill ze soen huet an awer vill schwätzt, decidéiert huet, dass Aluhitt grad in sinn an deementspriechend hunn ech dann jo net vill verpasst.

Buerféiss Richtung Privatsphär

Salut, hei ass d’Anne vu BEE SECURE.

Nodeems mer déi läscht Woch gekuckt hunn, wat gutt Virsätz kenne sinn an wéi mer eisen Schweinehund am beschten dresséiert kréien, sinn ech de vergaangenen Samschden schonn engem perséinlechen Virsaz e klengt Stéck méi no komm. Mäin Ziel war et nämlech, besser op mech an meng Donnéeën opzepassen.

Dofir hunn ech decidéiert beim Digital Privacy Salon am Hackerspace eranzeluussen. Ech hun net méi gebraucht, wéi e bëssen Zäit, mäi Laptop an e gemittlecht Puer Strëmp.

Lach- und Sachgeschichten

Salut, hei as d´Anne vu BEE SECURE.

Och dës hun ech rem eng ganz Rëscht Lach- und Sachgeschichten aus der vergangener Woch fir iech dobai.

WhatsApp as a bleiwt en aktuellt Thema. Nodeems déi sougenannten Liesebestätegung an virun allem de Fait, dass een se net ofschalten konnt, d´Gemüter anstänneg erhëtzt haat, kann een jo mëttlerweil op der Sait vu WhatsApp eng Versioun mat Ofschaltméiglechkeet eroflueden.

Pages