Articles from BEE SECURE :: Podcast

List | Trash | RSS

Mam Smartphone an d‘Vakanz?

Ween an d‘Vakanz fiert, wäert haut net méi op säi Smartphone verzichte wëllen. Et sinn deier Apparater an wann een sech de Risiko ukuckt, datt en geklaut oder verluer kéint goen, wier et dacks méi sécher, een alen Handy mat op d‘Rees ze huelen. Mä vill vun eis sinn dorunner gewinnt, de Smartphone ëmmer dobäi ze hunn a wëllen och an der Vakanz net dorobber verzichten. Grad vill jonk Leit hunn oft guer keng aner Méiglechkeet, fir zum Beispill Fotoen als Erënnerung un d‘Vakanz ze maachen.

Sinn Vakanzefotoen geféierlech?

Et ass Vakanzenzäit. Dat heescht net nëmmen, datt alles bësse méi roueg zougeet an vill Leit eben net doheem sinn, mä eben och, datt een vill Biller aus Vakanzen an de sozialen Netzwierker gesäit. Dat huet fir déi, déi doheem bliwwe sinn den onangenehmen Effekt, datt si eventuell och Loscht kréien, an d‘Vakanz ze fueren, mä et kann awer och aner, méi grave Gefore mat sech bréngen.

Gescheiten Ëmgang mat Smart Toys

Zanter e puer Joer geeschtert de Begrëff „Internet of Things“ duerch d‘Medien. Gemengt ass mam „Internet der Dinge“, datt ëmmer méi Geräter op een mol een Internetzougang kréien an matenee vernetzt sinn. Bis meng Kaffismaschinn a mäin Frigo matenee vernetzt sinn, wäert et awer nach eng Zäitchen daueren. Trotzdem ginn et schonn Objeten, déi „smart“ oder „connected“ sinn an ëmmer méi hëfeg ze fanne sinn. Riets ass vu Spillsaachen.

Sue verléiere liicht gemaach

Et klengt ëmmer ze gutt, fir wouer ze sinn: Eng Persoun sollt angeblech duerch een geheimen „Trick“ un de Bourse während e puer Stonnen dausende vun Euro gewonnen hunn. Oder eng Persoun huet een lukrativen Niewenjob, bei dem si e puer Stonnen am Dag mat Aktien handelt an sech sou eng gëllen Nues verdéngt. Sou Geschichte fënnt een gären op besonnesch haarden an penetranten Reklammen am Internet. Heiansdo sinn et Videoen, heiansdo ginn déi wonnerbar Geschichten awer och einfach am Text erzielt. Se klengen op alle Fall ëmmer onrealistesch, mä immens gutt. Wat stécht dohannert?

Pokémon Go: Mam Handy op Monsterjuegd

Zanter ronn 20 Joer ass et méiglech, um Gameboy virtuell Monsteren ze fänken an ze géintenee kämpfen ze loossen. Riets ass natierlech vu Pokémon. Elo sinn d‘Monstere vun Nintendo zeréck, mä dës Kéier um Handy an domadder bal an der echter Welt.

WhatsApp verschlësselt, an elo?

Déi meescht vun iech wäerten nieft dem Facebook-Messenger wuel virun allem nach een anere Messenger benotzen, nämlech WhatsApp. Den Dengscht gehéiert mëttlerweil zwar och zu Facebook, mä en huet géigeniwwer vum Messenger een grousse Virdeel: en ass verschlësselt.

elektronesch liesen

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Lo ass d‘Schouljoer geschwënn gepackt an och fir vill Uni-Studenten heescht et lo da geschwënn, de Summer ze genéissen. Vill vun eis huelen sech fir sou eng Vakanz fir, fir ze liesen. An mat engem eBook-Reader geet dat souguer op der Plage, ouni vill Bicher am Gepäck mussen ze hunn.

Sécher op tumblr ënnerwee

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert een sozialt Netzwierk, dat virun allem bei jonke Leit zimlech beléift ass: tumblr.com. Tumblr ass eng immens einfach Méiglechkeet, een perséinleche Blog opzemaachen. De Virdeel vun tumblr ass, datt d‘Gestaltungsméiglechkeeten immens grouss sinn: Net nëmmen, wat den Design vum eegenen Blog ugeet, mä och wat de Contenu betrëfft. Et kann een tumblr benotzen, fir seng eegen Texter, Fotoen oder Videoen ze posten, mä et ass och méiglech, d‘Bäitreeg vun anere Leit ze deele respektiv ze „re-bloggen“.

Pages