Articles from SNJ :: GoodFoodLoop :: Loop

List | Trash | RSS

PARKOUR

Ziel vum Parkour ass et, sech méiglechst effizient mat de Fähegkeete vum eegene Kierper vun A op B ze bewegen. De Parkourleefer bestëmmt op séng Manéier säin eegene Wee duerch den urbanen a natierleche Raum, anescht wei et vun Architektur  oder Kultur virgesinn ass. Iwwert Kombinatioun vu verschiddene Bewegunge gëtt versicht Hënnernesser méiglechst effizient ze iwwerwannen.

Capoeira

Am 16. Jorhonnert fënnt Capoeira säin Ursprong a Brasilien. De Sklaven aus Afrika war et ënnersoot ze kämpfen, also hu se hir Ugrëffstechnike mat Danzbeweegungen a rhythmescher Musek getarnt. Eng wichteg Roll bei der Musek spillt dobäi d’Berimbauwou den Takt ugëtt.Haut des Daags deelt een d’ Kampfsportaart an 2 Gruppen:den ale Capoeira: Capoeira Angolade moderne Capoeira: Capoeira Regional

Skating

“Surfbrieder fir d’ Strooss”, sou gouf de Virgänger vum Skateboard genannt. Säin Ursprong huet et a Kalifornien em d’50er Joeren. Deemools war et de Remplaçant fir d’Surfboard bei schlechtem Wellegang. Duerno ass en Hype op d’Skateboarden ausgebrach.Aus dem laange Briet, un dat 2 Achse mat 4 Rulle genoolt goufen (Longboard), ass Streetskateboarden entstan. D’ Brieder goufe gekierzt, sou waren dann och Tricke méiglech (Streetskate).D’Skater presentéieren Tricken op allem wat hinne beim fueren entgéintkënnt, wei z.B Maueren, Bänken, Trapen, asw.  

Pages