Maison des Jeunes Bonnevoie – Projet Jardin
Endlech ass et rëm souwäit! Natur erwächt lues aus dem Wanterschlof a genausou geet et och dem Gaarden-Grupp bei eis am Jugendhaus. Vill nei Ideen a Gedanke fir di nei « Saison » konnte mir op dësem Owend mateneen deelen: wat hues eis läscht Joer besonnesch gutt gefall (oder geschmaacht ) am Gaart a wei kéinte mer eise Gaart nach méi aluedend fir eis Mënschen an awer och all di aner Liewewiese ronderëm eis gestalten!