Jonk Gréng

Wunnen à la luxembourgeoise

Wunnen ass en Grondbedierfnis dat fir Beruffsufänger*innen, Gerengverdenger*innen a Student*innen, also virun allem jonk Mënschen, zur Zäit net gedeckt ass. Wunne bedeit en séchert Doheem, de Start an en selbstbestëmmt Liewen, eng Platz wou een sech kann zeréckzéien. Mee wann Wunnen awer zu engem Luxus gëtt, dann heescht dat datt d’Participatioun um gesellschaftleche Liewen zu engem Privileeg gëtt, dat onofhängeg vum Porte-Monnie vun den Elteren.

10 Milliarden…a wéi gi mer all sat?

Dëst ass den Titel vun engem Dokumentarfilm vum Valentin Thurn aus dem Joer 2015 (deen ech wäermstens empfeele kann). En Titel deen amfong och ee vun de gréissten Challengë vun dëser Europawahl thematiséiert. Am Mëttelpunkt vun dëser Challenge stinn eis Baueren, déi duerch hir Aarbecht d’Liewensmëttelproduktioun an domat och d’Versuergung vu Milliounen Europäer an iwwer d’EU eraus assuréieren. Ma déi EU-Politik déi sech domat befaasst, nämlech d’Gemeinsam Agrarpolitik, kuerz GAP, gëtt ëmmer fir eng Förderperiod vu 7 Joer festgeluecht, déi nächst Joer op en Enn geht.

E neien Elan fir d’Energiewend an Europa fir eis Klimaziler ze erreechen

De Paräisser Klimaaccord gesäit eng Reduzéierung vun der Äerderwiermung op +2°C vir, am beschten Fall 1,5°C. 196 Länner, dorënner all d’EU-Staaten, hunn den Accord ënnerschriwwen a sech domadder derzou verflicht, déi néideg Ustrengungen ze ënnerhuele fir dëst ambitiéist Zil ze erreechen. Géif déi aktuell Politik awer am globale Kontext virugefouert ginn, géif sech de Klima ëm ganzer 3,2°C erwiermen, wat mat onvirstellbare Konsequenze fir d’Liewensqualitéit op eisem Planéit verbonne wier.

Opruff un Europadeputéiert vun CSJ, JDL, JSL an déi jonk gréng fir géint EU Copyright Direktiv ze stëmmen

Du bass vill am Internet ënnerwee an deels oft a gären all Méigleches mat denge Kollegen op Facebook, Instagram, Twitter a Co. oder luets selwer all méiglechen Contenu op Social Media erop? Wéi flott déi ganz Fräiheet am Internet sou ass mierkt een awer eréischt wann se bis a Gefor ass!

Gemeinsame Stellungnahme zum „Youth for Climate Luxembourg“

Communiqué-Klimastreik

Die politischen Jugendorganisationen CSJ, déi jonk gréng, déi Lenk Jeunes, JDL, Jonk Piraten und JSL begrüßen und unterstützen den Schüler-Klimastreik, der auf Initiative der Organisation „Youth for Climate Luxembourg“ an diesem Freitag stattfindet.
Nicht erst seit dem Aufruf der Initiative setzen sich die Jugendorganisationen für eine zukunftsorientierte und engagierte Klimapolitik ein, die das Klima und die Umwelt für die kommenden Generationen schützt.

Pages