Kongress vum 16. Oktober zu Zolwer
De 16. Oktober huet de Grupp Saint Paul vu Bieles am Kader vun hirem 75 järege Bestoen op de Kongress am Artikuss zu Zolwer invitéiert.
De 16. Oktober huet de Grupp Saint Paul vu Bieles am Kader vun hirem 75 järege Bestoen op de Kongress am Artikuss zu Zolwer invitéiert.
EMFRO:
Léif Cheftainen a Chef,
Mir sin am gaang ee Spiri-Koffer, dat heescht eng Art pädagogesche Koffer, auszeschaffen, deen dir an äre Famillje kënnt benotze fir är spirituell Aktivitéiten ze plangen.
Eier mer awer lo mat enger konkreter Ëmsetzung vun dem Koffer weidermaachen, wëlle mer iech kuerz em är Meenung froën. Dofir wäre mir frou, wann dir folgende Formulaire ausfëlle kinnt.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
Är Chefekipp
.
Mir wëllen iech heimadder matdeelen dass de geplangte CaraPio STIP vum 25.10.-27.10.2019 wéinst aktuellen Emstänn op e spéideren Datum am Scoutsjoer verluet gëtt.
Soubal den neien Datum festgeluecht ass gitt dir natierlech nees vun eis kontaktéiert.
Merci fir äert Engagement a Versteesdemech,
Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss
d’Team
Léif Guiden a Scouten,
Den Donneschten 21. November um 19h30 an der Géisserei invitéiere mer all Guiden a Scouten déi, sief et perséinlech oder als Chef, interesséiert sinn um Programm vum Mérite Jeunesse bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten op eng Informatiouns Versammlung. Hei kritt jiddereen Erkläerungen zum Oflaf a ka sech och direkt umellen.
All Jonken tëscht 14 an 23 Joër kann um Programm deel huelen. Weider Info fannt der op merite.jeunesse.lu .
Léif Gréiss,
Christopher a Romain
merite@lgs.lu
D’Ekipp EAS hues sech nei opgestallt a fir iech erëm en interessante Programm op d’Been gesat.
De 4. Oktober huet den Ierfgroussherzog Guillaume op der Kinnekswiss säi Verspriechen als neie Chef Scout vum Scouting in Luxembourg (SiL) ofgeluecht.
Hei kënnt dir déi flottste Momenter vun dësem eemolegen Dag nach eemol erliewen.
E grousse Merci och un eis Fotografe vum Dag: Claude Pirsch & Sascha Wolsfeld
Un all RaRo a Chef,
De Freiden den Owend vun 19h30 un feiere mer onsen neie Chefscout nach richteg weider a relaxem Kader mat Feier, Gegrills, Fritten an Trallala.
Kommt zu vill, fir zesummen mat alle RaRo a Chef bis spéit an den Owend eran ze feieren …
Bei Froën, mell dech roueg bei programm@lgs.lu
Och dëst Joer huet den Bogenbauseminar groussen Succès.
Et si keng Platzen méi fräi.
Och dëst Joer huet den Pilzseminar groussen Succès.
Et si keng Platzen méi fräi.
De JOTA-JOTI ass ee Weekend deen all Joers vum Weltverband vun de Scouten (WOSM) organiséiert gëtt an dëst ass eng eemoleg Geleeënheet fir mat ronn 1,2 Milliounen anere Guiden & Scouten aus iwwer 150 Länner ronderëm d’Welt a Kontakt ze kommen.